Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E10 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Galles a Jill Crovisier

play_arrow Live
search

/ Wie vertrëtt Lëtzebuerg um ESC zu Basel?

Luxembourg Song Contest

Wie vertrëtt Lëtzebuerg um ESC zu Basel?

D'Sich no engem Vertrieder oder enger Vertriederin fir den Eurovision Song Contest huet ugefaangen. Zënter e Freideg an nach bis haut Samschdeg ass d’Preselektioun, bei där decidéiert gëtt, wien an d’Finall vum Luxembourg Songcontest kënnt.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Déi international Jury. (Foto: Sophie Schroeder)

135 Artisten hu sech gemellt, 53 Kandidaten dovu sinn an déi méi enk Selektioun komm. Gutt dräivéierel vun de Lidder, déi gëscht an haut virun der Jury presentéiert ginn, goufen och vu Lëtzebuerger matgeschriwwen.

Mam eegene Lidd untrieden

Am Verglach zum leschte Joer gëtt et hei eng nei Reegel: An zwar konnte sech dëst Joer net méi Songwriter a Sänger separat mellen, mee d’Sänger missten direkt mat engem Lidd kandidéieren, erkläert den David Gloesener, Chef vun der Lëtzebuerger Delegatioun.

"Mir hunn einfach festgestallt, dass et besser ass, wann d’Artiste selwer hir Lidder bréngen an déi och herno sangen. Well si sech domat warscheinlech méi identifizéieren, wéi wann et ee Lidd ass, wat si vläit net esou hätte wéilte schreiwen."

Ausserdeem wéilt een op déi Manéier der Lëtzebuerger Musekszeen eng méi grouss Visibilitéit ginn, sou nach den David Gloesener.

Den David Gloesener virum neien LSC Logo. | © Sophie Schroeder
Den David Gloesener virum neien LSC Logo. (Foto: Sophie Schroeder)

Eng international Jury

D’Jury, déi an dëser Preselektioun eng Entscheedung trefft, besteet ënner anerem aus fréiere Gewënner vum ESC. Dorënner den Eldar Gasimov, Gewënner virun 13 Joer zu Düsseldorf, d’Marie Myriam, dat 1977 zu London gewonnen huet, an d’Niamh Kavanagh, Gewënnerin zu Millstreet am Joer 1993. Op den Auditiounen hu si verroden, wat e Kandidat oder eng Kandidatin matbrénge muss.

"Was sich hier suche ist einzigartig. Du musst etwas bringen für die Bühne und für die Zuschauer, was nur DU machen kannst."

"I Think what the most important thing is that they represent themselves."

"Of course talent, but you should also be a teamplayer with everyone around you, like with the producer, with the dancers.”

Al Bekannter

Bei de Kandidate sinn dann och scho bekannten Nimm aus dem leschte Joer dobäi: Dorënner den Chaild, d’Band One Last Time an d’Angie an d’Rafaela. Mee och de Grupp Zero Point Five ass bei den Auditions dobäi. Virun hirem Optrëtt waren déi eng méi, déi aner manner opgereegt.

"Gaaaanz vill opgereegt (haha). Ech hu mäin Numm um Ecran gesinn an duecht: 'Ok, et geet erëm lass.' Mee wierklech eng gutt Nervositéit."

Vun den 53 Kandidate kommen der 12 an nach ee Recall, dee muer um Sonndeg ass. Den 18. November gëtt da bekannt, wéi eng viraussiichtlech 6 Artisten de 25. Januar an der Finall vum Luxembourg Song Contest an der Rockhal optriede wäerten. Do wäert sech decidéieren, wie Lëtzebuerg am Mee um Eurovison Song Contest zu Basel vertrëtt.

Lauschterenplay_arrow