Radioen

On air

Al Schanken  |  Blood, Sweat & Tears - Smiling Phases

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wie soll sech an Zukunft ëm de Gefaangenentransport këmmeren?

Déck Loft tëschent Police a Justiz

Wie soll sech an Zukunft ëm de Gefaangenentransport këmmeren?

Wéinst der Organisatioun vum Gefaangenentransport gëtt et aktuell déck Loft tëschent der Policegewerkschaft SNPGL an ënner anerem der Justiz. D'Beamte wieren iwwerschafft an eng Reorganisatioun wier dringend noutwenneg, esou d'Presidentin vum SNPGL.

auto_stories

3 min

headphones

8 min

Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL | © Morgane Weidig play_arrow
D'Marlène Negrini ass Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL. (Foto: Archiv)

D'UGAO, d'Unité de garde et d’appui operationnel, ass eng Unitéit vun der Police, déi polyvalent agesat gëtt, erkläert d'Marlène Negrini, Presidentin vun der Policegewerkschaft. An dësem Service, deen aus ronn 70 Leit zesummegesat ass, ass och de Gefaangenentransport ënnerbruecht. 

Marlène Negrini: Ze vill Zäit gëtt "verplempert"

Beim Transport vu Gefaangene geet et net just drëms, déi Leit vun A op B ze féieren, betount d'Marlène Negrini. Et misst ee bedenken, datt d'Polizisten de ganzen Dag mat de Gefaangenen ënnerwee wieren. Beispillsweis musse si och mat hinnen um Geriicht waarden. Amplaz dës Zäit um Geriicht "ze verplemperen", kéinten dës Beamten och fir aner Missiounen agesat ginn, gëtt d'Presidentin vun der SNPGL ze bedenken.

D'Leit vum Service UGAO stéingen ënner Drock. Imprevisibel Schaffpläng stelle wuel de gréisste Problem duer.

Eng speziell Ausbildung fir d'Giischtercher

Vun der Regierung huet et geheescht, datt d'Giischtercher de Gefaangenentransport eventuell iwwerhuele kéinten. D'Marlène Negrini begréisst och, datt de Minister op de Problem agaangen ass a proposéiert huet, dës Tâche op d'Justiz auszelageren. De Prisong fält schliisslech och ënner d'Responsabilitéit vun der Justiz, an d’Séparation des Pouvoir géing garantéiert ginn, esou d'Marlène Negrini. Aktuell wier dës Trennung "verwëscht".

Wann d'Giischtercher de Gefaangenentransport iwwerhuele géifen, da kéinten d'Beamte vun der UGAO sech op aner Missioune konzentréieren, esou d'Argument. Dobäi kënnt, datt d'Giischtercher och eng speziell Ausbildung kréichen. Eppes, wat d'UGAO-Polizisten an där Form net kréien.

Kann de Problem geléist ginn?

Et ginn awer Zweifel, datt et zu där Ëmstrukturéierung kënnt. Et géing keen Accord tëschent de verschiddene Gespréichspartner ginn - dorënner d'Justiz - esou d'Marlène Negrini. Aktuell géing jo alles gutt funktionéieren, géif et vun der Justiz heeschen. 

"Jo, well d'Leit dat maachen, wat se gesot kréien", seet d'Marlène Negrini. Mee vill Leit géingen de Service verloossen, an neier kéimen net dobäi.

Mee géingen no der Ëmstrukturéierung dann net Giischtercher am Prisong feelen? D'Marlène Negrini ass am 100,7-Interview net direkt op dës Fro agaangen. Fakt wier, datt de Gefaangenentransport een eegestännege Service misst ginn, mat engem Pool vun 30 bis 40 Leit. Wann d'Aarbecht bei der UGAO dowéinst manner stresseg a méi previsibel géif ginn (ënner anerem wéinst méi reguläre Schaffpläng), géinge sech och nees méi Leit bei hinne mellen, mengt d'Presidentin vun der SNPGL.

Ënner den Aufgabe vun der UGAO falen och de Policehelikopter an d'Hondsmeeschter.

Lauschterenplay_arrow