Och e puer arabesch Staaten hunn no enger Renconter mam US-Ausseminister Anthony Blinken en direkte Waffestëllstand gefuerdert.
An Israel selwer gouf et gëschter och nees Protester. Engem Mediebericht no sollen ënnert anerem honnerte Mënsche virum Haus vum Premierminister Benjamin Netanjahu demonstréiert a säi Récktrëtt gefuerdert hunn. Dobäi hätt et och Zesummestéiss mat der Police ginn. Dräi Persoune wiere festgeholl ginn.