Am August nach war d'Inflatioun bei 2,2 Prozent an domat fir den drëtte Mount hannerenee stabel bliwwen.
Wuesstum geet erof
De Statec huet dann och d‘Wuesstemszuele fir dat zweet Trimester publizéiert. Hei gëtt et e Minus vun 0,9 Prozent par Rapport zum éischten Trimester vun dësem Joer. Am Verglach mam zweeten Trimester d‘lescht Joer ass de PIB em 1,3 Prozent gewuess.
A sengen éischten Estimatiounen huet de Statec dann och d‘Zuelen no uewe korrigéiert. Bei de leschten Estimatioune war en nach vun enger Stagnatioun ausgaangen, elo ass Rieds vun engem liichte Plus vun 0,3 Prozent.