Radioen

On air

Notturno  |  Grizzly Bear - While You Wait For The Others

play_arrow Live
search

/ Wéinst Hongersnout: Katastrophal Situatioun am Sudan

Sudan

Wéinst Hongersnout: Katastrophal Situatioun am Sudan

De Welternärungsprogramm mécht sech Suergen iwwert déi permanent Hongersnout am Sudan. Den Direkter vum WFP sot datt hie Berichter iwwer Mënsche kritt hätt déi un Honger gestuerwe wieren. D‘Situatioun wier katastrophal.

auto_stories

1 min

D‘Bevëlkerung an de Gebidder ronderëm d‘Haaptstad Khartum souwéi Darfur a Kordofan wier vum Manktem u Liewensmëttel besonnesch staark getraff. Et wier dréngend en Zougang néideg fir liewenswichteg Hëllef bei d‘Mënschen ze bréngen. 

Am Sudan kämpfen zanter knapp engem Joer, déi paramilitäresch RSF an d‘Arméi ëm d‘Muecht an ëm den Zougang zu Ressourcen.