Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jamiroquai - Seven Days In Sunny June

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst Finanzbedruch: Donald Trump nees viru Geriicht

New York

Wéinst Finanzbedruch: Donald Trump nees viru Geriicht

Zu New York muss sech de fréiere President Donald Trump haut um Méindeg op en Neits virun engem Geriicht veräntwerten. Et geet dobäi ëm Finanzbedruch ronderëm dem Trump säin Immobiliëkonzern.

auto_stories

1 min

Doranner sollen och seng Jongen Donald Junior an Eric verwéckelt sinn. De Grupp, deem eng sëllegen Hotellen, Héichhaiser a Luxusresidenze gehéieren, soll seng Finanzsituatioun illegal verfälscht hu fir u Baukreditter ze kommen.

De Parquet verlaangt eng Geldstrof an Héicht vun 250 Milliounen Dollar an e Verbuet fir Geschäftsaktivitéiten. 

Momentan hunn dem Trump seng sëllege Prozesser him nach net geschuet: engem rezente Sondage no läit hien a fënnef sougenannte "swing states" viru sengem Konkurrent Joe Biden.