Radioen

On air

De Moien  |  Guy Castegnaro & Robert Schneider

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst CO2-Emissiounen: 32 Länner kréie Plainte gemaach

Portugal

Wéinst CO2-Emissiounen: 32 Länner kréie Plainte gemaach

Sechs jonk Portugisen hu virum Europäesche Mënscherechtshaff eng Plainte géint 32 Länner gemaach fir si ze obligéieren, d‘CO2-Emissiounen ze reduzéieren.

auto_stories

1 min

CO2 Emissiounen | © Unsplash / Marcin Jozwiak
Unsplash / Marcin Jozwiak

Bei de Plaignanten handelt et sech ëm Jonker tëscht 11 a 24 Joer, déi d‘Bëschbränn a Portugal erlieft hunn an elo eppes géint de Klimawandel wëllen ënnerhuelen. Si géifen sech erhoffe, mat dëser Plainte eng Jurisprudenz ze schafen.

Viséiert sinn déi 27 EU-Staaten, Russland, d‘Tierkei, d‘Schwäiz, Norwegen a Groussbritannien.