Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
search

/ Wéinst Aarbechtsaccident am Joer 2017: Zwou Firmae sollen eng Geldstrof kréien

Ee Mann vun 41 Joer war deemols gestuerwen

Wéinst Aarbechtsaccident am Joer 2017: Zwou Firmae sollen eng Geldstrof kréien

Viru bal 7 Joer war moies um Chantier vun der haiteger Busgare no beim Rond-point Serra een Aarbechter ënner enger tonneschwéierer Stee vu 6 Meter Héicht begruewe ginn, déi ëmgefall war. De Mann vun 41 Joer war op der Plaz dout. Elo sollen zwou Firmaen eng Geldstrof kréien.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Chantier | © Bigstock / Shadowchaser play_arrow
Foto: Bigstock / Shadowchaser

Wéinst engem déidlechen Aarbechtsaccident am Mee 2017 um Kierchbierg sollen zwou Firmaen eng Geldstrof kréien. D’Vertriederin vum Parquet huet dat de Moien an hirem Requisitoire um Stater Geriicht gefuerdert. Fir déi eng sollt sech d’Geldstrof op 20.000 Euro a fir déi aner op 10.000 Euro belafen.

Verschidde Verstéiss vun de beschëllegte Firmae géint d'Sécherheetsmesuren hätten zum Accident gefouert, huet d’Vertriederin vum Parquet gemengt.

ITM: Ee Sécherheetsmanktem um Chantier

Do virdrun hat een Expert vun der Gewerbeinspektioun erkläert, datt sengerzäit e Kran um Chantier sollt opgeriicht ginn. D’Plaz dofir wier awer net fräi gewiescht, wéinst Steeën, déi du sollten ewechgeholl ginn. Eng wier scho fort gewiescht an déi zwou aner mat Dréit zesumme fixéiert ginn. Well déi awer net all ewechgemaach goufen, wieren déi zwou Steeë beim Ophiewen ëmgefall.

Eng Stee, déi deplacéiert gëtt, muss kontrolléiert ginn, huet den ITM-Mann betount. Op d’Fro hi vun der Presidentin vum Geriicht, ob fir d’Fixéiere vu Steeën Dréit eleng duerginn, war d’Äntwert: Nee!

Méi Sécherheet duerch Geldstrofen?

Um Ufank vun der Sëtzung hat een Enquêteur vun der Police judiciaire d’Fro opgeworf, ob sou e Fixéierungsdrot iwwersi gouf. Op alle Fall hätt de Fait, datt eng Stee gehuewe gouf, déi zwou aus dem Gläichgewiicht bruecht. Dem Member vun der PJ seng Conclusioun war déi, datt bei eigentlech übleche Routineaarbechte mënschlech Feeler geschitt wieren, déi bei e Manktem u Sécherheetsmoossnamen dobäi koumen.

Schrecken 10 oder 20.000 Euro Geldstrof of oder brénge se Entreprisen dozou, Sécherheetsmesuren en place ze setzen, fir sou Dramaen ze verhënneren, huet sech de Me Stackler no der Sëtzung gefrot. Hien ass den Affekot vun der Wittfra vum Affer a vun där hirem Kand.

„Obtenir une indemnisation pour ma cliente qui est victime, c’est essentiel. Après, le quantum de l’amende, oui, est décevant moralement, mais c’est la loi, donc il faut s’y conformer.“

De Me Stackler huet fir déi zwou Partie-civilë materiellen a moralesche Schuedenersatz an Héicht vun am Ganzen eppes iwwer 60.000 Euro gefrot.

Dëse Prozess dierft muer um Donneschdegmoie mat de Plädoyere vun den Affekote vun den zwou ugeklote Firmaen op en Enn kommen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit