Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Greenpeace warnt op en Neits virun de Follge vun engem nuklearen Accident zu Cattenom

Nei Etuden

Greenpeace warnt op en Neits virun de Follge vun engem nuklearen Accident zu Cattenom

E schwéieren nuklearen Accident zu Cattenom kéint ganz Lëtzebuerg kontaminéieren. Do virdru warnt Greenpeace. Lëtzebuerg, Metz, Berlin, Bréissel oder och Frankfurt kéinten, jee nodeem wéi d‘Wiederlag wier, vun engem schwéiere Virfall am franséischen Atomkraaftwierk getraff ginn.

auto_stories

1 min

Cattenom | © picture alliance / dpa | Becker & Bredel
Foto: picture alliance / dpa | Becker & Bredel

Dat hunn nei Etuden erginn, déi den Institut Biosphère an Zesummenaarbecht mat Greenpeace Lëtzebuerg gemaach huet. Si hu Kaarten ausgeschafft iwwert d‘Ausbreedung vun der radioaktiver Stralung. Dobäi goufen iwwer 1.000 verschidde Wiederlagen ausgewäert. An der Moyenne wiere bei all deene Konfiguratiounen iwwer 26 Millioune Mënsche bannent e puer Stonnen enger ze héijer Stralebelaaschtung ausgesat. 276.000 Mënsche missten direkt evakuéiert ginn.

Op laang Dauer missten am direkten Ëmkrees vu Cattenom 960.000 Mënschen an der Suite vun der Buedemverseuchung ëmgesidelt ginn.