Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi kann ee säin Doheem virun Iwwerschwemmunge schützen?

Waasserwirtschaftsamt

Wéi kann ee säin Doheem virun Iwwerschwemmunge schützen?

Zu Lëtzebuerg ginn et kloer definéiert Risikogebidder fir Héichwaasser. Wat et mat dësen op sech huet a wou een Informatiounen dozou fënnt, erkläert de Claude Meisch, Chargé d’études vum Waasserwirtschaftsamt.

auto_stories

3 min

headphones

23 min

play_arrow

An der Géigend vu Risikogewässer bei der Musel, der Uelzecht oder der Sauer sinn d’Leit schonn op Iwwerschwemmungen duerch Héichwaasser sensibiliséiert. Mee och ausserhalb vun dëse Risikogebidder ginn ëmmer méi Iwwerschwemmunge registréiert, dat ënner anerem duerch Staarkreenevenementer. De Claude Meisch ass Chargé d’études vum Service Hydrologie vum Waasserwirtschaftsamt a schwätzt iwwer d’Erausfuerderungen an d’Initiativen am Beräich vum Héichwaasserschutz.

Verschidden Ausléiser vun Iwwerschwemmungen

De Claude Meisch differenzéiert tëscht zwou Aarte vun Iwwerschwemmungen: Héichwaasser a Staarkreen. Héichwaasser ass flossgebonnen, wann et iwwer laang Periode vill reent, klëmmt de Peegel vun de Flëss bis se iergendwann iwwer hir normal Uferen trieden. Dann entsti Biller, déi an de vergaangene Joren ëfters zum Beispill un der Musel ze gesi waren. Dëst wier allerdéngs ee Prozess, dat heescht et hätt een Zäit fir ze reagéieren an eng fréi Warnung erauszeschécken, ergänzt de Chargé d’études.

Bei Staarkreenvirfäll wier dat méi schwiereg. Do géif op kuerz Dauer méi Reen erofkommen, wéi de Buedem ophuele kann. Da sicht sech d’Waasser en anere Wee a leeft d’Stroossen an d’Hiwwelen erof. Do kéint et och zu Iwwerschwemmungen ausserhalb vun de Gebidder ronderëm d’Risikogewässer kommen. Do géing et vill méi schnell goen, betount de Claude Meisch. Dowéinst wier do d’Fënster fir d’Leit ze warne vill méi kuerz.

Informatiounen a Warnunge fannen

Den Zerwiss “inondation.lu” huet op hirem Internetsite e Warnsystem, deen 12 verschidde Peegelen am ganze Land iwwerwaacht. Bei Héichwaassergefor gëtt automatesch eng Warnung erausgeschéckt. De Claude Meisch verweist och op d’”Meine Pegel” App, bei där ee kloer definéiere kann, wéini een eng Warnung geschéckt kréie soll. Dës Plattforme ginn och a verschiddene Sproochen ugebueden.

Lëtzebuerg huet am Ganze 17 Héichwaassergebidder. Dës fënnt een op enger Kaart op “geoportail.lu”. Um selwechte Site kann een och Kaarten zu Staarkreen consultéieren, déi weise wou d’Waasser hifléisst wann et ze vill reent.

De Claude Meisch schléit vir, sech am Viraus an d’Situatioun vun engem Héichwaasserfall eranzeversetzen. Wat wier am Fall vun enger Iwwerschwemmung? Wou géif Waasser an d’Haus eralafen? De Chargé d’études vum Waasserwirtschaftsamt präziséiert, datt et meeschtens Kellerfënsteren a Garagëpaarte sinn, wou d’Waasser erakënnt. Et kéint allerdéngs och duerch e Réckstau am Kanal eropkommen, wa keng Réckschlagklapp installéiert ass. Do sollt een sech mat engem Expert a Kontakt sëtzen, fir datt ee richteg geschützt ass.

Lauschterenplay_arrow