Datt Lëtzebuerg op d‘Plaz am Ranking geklommen ass, wier dem Gesetz vum Abrëll d‘lescht Joer ze verdanken, mat deem bal all Verhütungsmëttel gratis ginn. Dozou gehéieren och déi definitiv Verhütungsmethode wéi eng Sterilisatioun.
Onverständlech, datt Kondomer net drënner falen
Dat eenzegt Mëttel, dat net dozou gehéiert ass de Kondom, bedauert Ainhoa Achutegui, Presidentin vu Planning Familial. Och wann déi op ville Plaze souwisou gratis verdeelt ginn, wier et onverständlech, datt Kondomer net dorënner falen. Grad bei Jonke wier d‘Hemmschwell dacks grouss, fir sech déi zum Beispill an de Cepas an der Schoul sichen ze goen.
D‘Attitüd ze änneren, an driwwer opklären, datt ee sech dofir net schumme muss, ass zwar déi méi laangfristeg Léisung, awer net sou einfach, wéi se direkt op méi Plazen zougänglech ze maachen.
Zuel u Fäll vu sexuell iwwerdrobare Krankheete klëmmt
Kondomer sinn och dat eenzegt Verhütungsmëttel, dat viru sexuell iwwerdrobare Krankheete schützt. An do géifen d‘Zuelen zu Lëtzebuerg an de leschte Jore klammen, bedauert d‘Kim Esteves vu Planning Familial. D‘Ursaach dofir ass net einfach eraus ze fannen.
De Planning Familial fuerdert dofir scho länger, datt eng grouss Ëmfro am Land soll duerchgefouert ginn, fir Sexualverhale vun de Lëtzebuerger besser ze verstoen. Och wann d‘Leit do tendenziell net ganz éierlech op d‘Froe géifen äntweren, géifen d‘Zuelen trotzdeem en Trend uginn.
Staark Campagnen an de 90er Joren
Eng Campagne déi zanter 2022 leeft, soll erëm méi op de Schutz, dee Kondomer garantéieren, opmierksam maachen. D‘Ainhoa Achutegui erënnert sech awer och un d‘Campagnen aus de 90er Joren, déi eng vill staark Presenz haten, a wënscht sech, datt hautzedaags och rëm méi Reklamm fir de Kondom géif gemaach ginn.
D‘Leit wéissten och dacks net genuch Bescheed iwwer aner sexuell iwwerdrobar Krankheeten ofgesi vun Aids.
Educatioun muss scho fréi ufänken
Deemno ass och sexuell Educatioun ee wichtege Volet. De Planning Familial geet dofir och a Schoulen, souwuel am Fondamental wéi och a Lycéeën. Wat an deene Coursë behandelt gëtt hänkt da vum Alter vun de Schüler of a gëtt un all eenzel Klass ugepasst, jee nodeem wéie Besoin besteet.
Fir iwwer d'Sujeten rondërem de Kierper, d'Hygiène a Kierperverännerung ze schwätzen a praktesch un d'Froen déi sech stellen erunzegoen, hëlt de Planning Familial och Material mat, dorënner en Holzpenis a Pätzien a Form vu Genitalien.
Zur Opklärung gehéiert do souwuel déi sougenannt education sexuelle wéi och d‘education affectiv. Dat heescht, datt d‘Schüler och scho fréi léiere Grenze vu sech a vun deenen aneren ze erkennen an ze respektéieren.
Sexuell Educatioun an d‘pedagogesch Ausbildung integréieren
D‘sexuell Educatioun hänkt nach vill vun den Enseignanten of, well d‘Schoule selwer decidéieren, op se Planning Familial ruffen oder net, bedauert d‘Kim Esteves. Mat de begrenzte Ressourcen, wier et och schwéier, der Nofro nozekommen. Et géif ee sech wënschen, datt déi sexuell Educatioun en Deel vun der pedagogescher Ausbildung vun den Enseignante wier.
Och wa Lëtzebuerg alles an allem och an der Opklärung net schlecht do steet, géif nach vill Loft no uewe bestoen, esou d‘
Planning Familial ass op dräi Plazen am Land ze fannen: Zu Ettelbréck, zu Esch an an der Stat op der Gare.