Eng séier Prise en charge vu spezialiséiertem medezineschem Personal entscheet bei engem Hierschlag iwwer Liewen an Doud, respektiv iwwer d’Liewensqualitéit vum Patient oder der Patientin no engem Schlag.
All Spidol huet eng "Stroke Unit"
Fir esou séier wéi méiglech kënnen ze hëllefen, gëtt et an alle Spideeler eng sougenannte Stroke Unit. Eng dovun ass am CHL. Haut um 29. Oktober ass de Weltdag vum AVC-vum Hiereschlag.
D’Neurologin Monique Reiff erkläert, wéi hir Aarbecht an dësen Zerwiss am CHL ofleeft.
Den CHL huet ee Stack fir Patient:innen, déi een Hierschlag gemaach hunn, mat 20 Better. Dovun si 6 Better monitoriséiert fir Post-Stroke. Dat heescht, fir déi Patienten, déi aus der Akut-Phas eraus sinn, a Kiné oder Ergotherapie kréien, an op eng Re-Educatiounsplaz waarden, erkläert d’Monique Reiff.
Niveau 1 an 2
Eigentlech huet all Spidol eng Stroke Unit. Dat sinn awer Niveau 1 Stroke Unit. Am CHL gëtt et och eng Niveau 2 Unitéit. D'Differenz tëschent Nieveau 1 an 2 wier net grouss, erkläert d’Monique Reiff. Den eenzegen Ënnerscheed wier, datt am CHL interventionell Neuro-Radiologen an Neurochirurge sur place sinn.
“Déi kënnen, wann zum Beispill bei engem Schlag eng grouss Oder zougeet, dës Oder nees opmaachen”.
Bei engem Schlag gëtt tëschent engem ischämeschen an dem bluddegen Hiereschlag ënnerscheet. Beim ischämeschen geet eng Oder zou, an de Kapp gëtt doduerch net mei mat genuch Sauerstoff versuegt. Beim bluddegen Hiereschlag platzt eng Oder am Kapp an et blutt an d’Gehier.
2 Milliounen Nervenzelle pro Minutt
Wann d’Nervenzellen net mei genuch Blutt a Sauerstoff kréien, stierwe se of. Bis zu 2 Milliounen Nervenzelle pro Minutt kënne verluer goen.
"Dofir zielt am Fong all Minutt fir rëm déi Oderen opzekréien, an datt d'Nervenzellen erëm mat Sauerstoff versuergt ginn."
Statistesch gesi wieren éischter eeler Leit vun engem Hiereschlag betraff, esou d'Monique Reiff weider.
“Well do déi ganz Risikofacteure méi matspillen. Dat heescht de Bluttdrock, d'Fëmmen, ongesond Liewen, Zocker, de Cholesterol. Dat sinn déi Risikofacteuren, virun deene mir all net gefeilt sinn, wa mir kee gesond Liewe féieren.”
Jonk Leit an och Kanner kënnen awer och ee Schlag maachen. Bei engem Schlag huet ee keng Péng. De grousse Problem wier, datt Patienten heefeg ze spéit mierken, datt si ee Schlag hunn an deemno och d’Behandlung heefeg ze spéit kënnt.
F-A-S-T
Ob eng Persoun grad ee Schlag mécht kéint een u verschidde Symptomer erkennen, wéi d’Neurologin erkläert. Allgemeng gëllt: All Symptomer, déi op eemol ganz plëtzlech optrieden, déiten op ee Schlag hinn. Et gëtt och eng Ieselsbréck, déi ee sech verhale kann: Mam Akronym FAST kann ee verschidde Symptomer ofgoen, wéi d'Monique Reiff erkläert.
F: steet fir Face. Dat heescht, Gesiicht, wann zum Beispill de Mond schif hänkt
A: steet fir Aarm. Dat heescht, wann ech déi zwee Äerm no virstrecken an et fält een erof oder et huet een net d'Kraaft, fir déi zwee Äerm uewen ze halen
S: ass fir Speech. Dat heescht, ech kann net méi richteg schwätzen
T: steet fir Zäit, also Time. Dat heescht, wann esou Symptomer plëtzlech optrieden, ass déi wichtegst Informatioun, wéini war déi genau Auerzäit, datt déi Symptomer opgetruede sinn
112 ruffen
Dee wichtegste Schrëtt wier, direkt den 112 ze ruffen. Et sollt een do och net onbedéngt de Wee iwwer den Hausdokter sichen, well dat géif einfach ze laang daueren, esou d'Neurologin. Well all Minutt zielt, wier et hei wierklech wichteg, direkt de Noutdéngscht ze kontaktéieren. An do gëllt léiwer eng Kéier ze vill den 112 ruffen, wéi eng Kéier ze mann.