arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ee Projet soll vum partizipative Budget ëmgesat ginn? E Freideg gëtt ofgestëmmt

Diddeleng

|
reading time

2 min

Wéi ee Projet soll vum partizipative Budget ëmgesat ginn? E Freideg gëtt ofgestëmmt

Scho fir déi drëtt Kéier konnten d'Awunner:inne vun der Gemeng Diddeleng am Kader vum partizipative Budget hir Iddien abréngen. 100.000 Euro stellt d'Gemeng dofir zur Verfügung.

reading time

2 min

Spillplaz an der Cité Elmen | © Morgane Weidig
Spillplaz an der Cité Elmen (Foto: Morgane Weidig)

37 Projeten haten d'Bierger:innen agereecht. Vun der Kugelbunn, iwwer een Espace fir Gesellschaftsspiller am Fräien, bis hin zur Ludothéik. Fir eelef Virschléi geet et elo weider an d'Votingsphas. 

Projeten am Interessi vun de Bierger:innen

Fir et bis an dës entscheedend Phas ze packen, muss ee Projet eng Rei Krittären erfëllen, wéi de Felix Bonne, zoustänneg fir Biergerbedeelegung an der Diddelenger Gemeng, erkläert. 

"Deen éischten ass, datt en am Interêt général muss sinn. De Projet dierf net iwwer 100.000 Euro kaschten. E ganz wichtege Krittär ass, datt e keen Objectif lucratif oder kommerziellen Objectif gëtt, et muss gratis fir de Public disponibel sinn. Op där anerer Säit technesch a reglementaire ëmsetzbar sinn."

Bis den 1. Juli hunn déi Diddelenger Bierger:innen Zäit fir hire Favorit ofzestëmmen. 

An der Gemeng Fréiseng huet een dës Phas schonn hanner sech. Do gëtt et dëst Joer fir déi éischte Kéier ee budget patricipatif. D'Bierger:innen hu sech ee lokale Bio-Maart gewënscht. Zu Mamer huet een iwwerdeems schonn zwee konkret Projeten opzeweisen. Dëse Mount gouf ee Muppepark ageweit, grad ewéi een digitalen Informatiounspanneau op engem Busarrêt, dee mat Solarstroum bedriwwe gëtt. 

Weider Gemengen, déi op de Wee vum partizipative Budget gaange sinn, si beispillsweis Kielen, Bartreng, Betzder, Déifferdeng, Dikrech oder nach Schengen.