Zelter a Luuchte fir Cannabis bannen unzebauen, wier een an deene leschte Méint vläicht zwee bis dräimol gefrot ginn, erzielt den Eric Kiens, Bedreiwer vun enger CBD-Shop zu Lëtzebuerg. Bei de Somkären ass d’Nofro net vill méi grouss.
"Mir kréien heiansdo Käre gefrot, kruten och heiansdo Luuchten oder Accessoire gefrot fir unzebauen, mee sou en gros ass et genau sou wéi ech geduecht hat, datt lo net deen Undrang mega grouss ass fir Kären ze kafen."
Leit fänken net un Neies ze probéieren
De Grond dofir ass dem Eric Kiens no kloer: Cannabis-Konsumenten déi selwer wëllen ubauen hunn net onbedéngt op dat neit Gesetz gewaart fir dat ze maachen.
"Ech mengen, déi Leit déi amgaang waren unzebauen, wou et nach net legal war, déi bauen och elo nach un an déi wëssen och vu wou se hir Käre kréien a wëssen och wat se do hunn, an da gi se net ufänken eppes Neies ze probéieren, nëmme well dat dann e CBD-Shop ass aus Lëtzebuerg deen dat da verkeeft."
Finanziell Hürden
Derbäi kënnt, datt d’Leit am Moment finanziell net esou gutt opgestallt sinn, mengt den Eric Kiens nach weider, an dat géif se drun hënneren, puer Honnert Euro fir en Zelt mat Luuchten auszeginn. Ekipementer déi et online zum Deel zu bessere Präisser ze kafe ginn.
Wat sech awer fir d’CBD-Shops geännert hätt, erkläert den Eric Kiens, wier datt ëmmer nees misst kloer gestallt ginn, datt si keen THC-haltege Cannabis verkafen.
Verwarnung mat Geldstrof amplaz Procès verbal
D’Police kann iwwerdeems keng Statistik iwwer d’Interventiounen am Bezuch mat Cannabis, an eventuell Ännerungen zanter dem neie Gesetz, liwweren. Déi géifen nämlech an déi selwecht Kategorie falen, wéi aner Drogen.
Fir d'Police hätt sech d’Prozedur verännert, déi bei engem Verstouss an d’Weeër geleet gët. Jee no Verstouss géif et zu enger Verwarnung mat Geldstrof kommen, an net méi, wéi bis dato, direkt e Procès verbal un de Parquet erstallt ginn, heescht et an enger schrëftlecher Äntwert op eis Nofro hin.
Beim Fueren ënner Afloss ännert sech näischt
Och wat d’Fueren ënner Afloss vun Drogen ugeet, hätt sech duerch dat neit Gesetz eigentlech näischt fir d‘Police geännert.
"Mat der Ausnam vum Alkohol muss een ënnersträichen, dass et bei enger Verkéierskontroll fir d‘Police net evident ass ze wëssen ënner wéi enger Substanz e Chauffer gefuer ass, respektiv ob de gesetzleche Maximaltaux iwwerschratt ass. Wann et manifest Unzeechen op en Drogekonsum beim Chauffer ginn ginn duerfir eng Bluttprouf an Urinprouf an d’Weeër geleet, fir datt e Labo déi noutwenneg Analyse mécht."
Déi Resultater géifen dann, wéi bis elo, un de Parquet iwwermëttelt ginn, esou nach d’Police an hirem Statement.