search

/ Wat erwaart d'Oppositioun sech vun der Ried zur Lag vun der Natioun?

National

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wat erwaart d'Oppositioun sech vun der Ried zur Lag vun der Natioun?

Den CSV-Premier Luc Frieden hält haut an der Chamber d’Ried zur Lag vun der Natioun. Eng Deklaratioun 14 Deeg virum Ufank vun de Verhandlungen an der Tripartite. D'Oppositioun huet ënnerschiddlech Erwaardungen dorun, wat de Premier do annoncéiere wäert. Vill Déifgräifendes erwaart ee sech awer net.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Chambre des députés
(Foto: Chambre des députés)

D’LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding erwaart sech an der Ried vum Premier konkret Aussoen, wéi hien d’Wunnengskris wëllt an de Grëff kréien. Allgemeng wier de finanzielle Spillraum vun der CSV-DP-Regierung fir nei Mesuren awer "relativ geréng". 

Der LSAP-Fraktiounscheffin no wier – trotz de multipele Krisen – de Moment do fir Ongläichheeten an Ongerechtegkeeten ze behiewen. 

"Ech erwaarde mir keen technokratesche Verwalter, mee ee Leader mat politescher Wäitsiicht, deen de Wëllen huet, fir grouss Verännerunge fir de sozialen Ausgläich."

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup erwaart sech am Virfeld vun der Ried zur Lag vun der Natioun, datt de Premier d’Situatioun hei am Land net schéi moolt.

"An einfach seet, wéi d’Situatioun ass. An d’Situatioun ass a ganz ville Punkte katastrophal. Dat ass och net onbedéngt dem Luc Frieden seng Schold."

Eng Ried am Schiet vun der Tripartite

Wéinst der aktueller Situatioun wier et souwisou eng wichteg Ried zur Lag vun der Natioun, esou d’Taina Bofferding zur Tatsaach, datt dës Deklaratioun zwou Woche virum Ufank vun den Tripartite-Verhandlungen ass. Haut missten déi grouss Ziler an deene verschiddene Politikberäicher gezeechent ginn, wënscht si sech.

"D’Detailer, ee gudden Deel dovunner wäert natierlech an der Tripartite diskutéiert ginn. Also et ass sécherlech net einfach an dësen Zäite Premier ze sinn."

Dem Fred Keup no wier et eng "komesch Situatioun", datt d’Ried zur Lag vun der Natioun 14 Deeg virun den Tripartite-Verhandlungen ass. De Luc Frieden kéint haut net alles soen, wat hien denkt, wann hien duerno nach wéilt kënne verhandelen, esou den ADR-Fraktiounschef.

"Villäicht wëllt dee ganze lénkse politeschen Establishment de Frieden einfach oplafe loosse mat där Tripartite, an et ass ee faulen Trick."

D'Piraten an déi Lénk erwaarde sech net vill

Den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement erwaart sech "net vill" vun der Ried zur Lag vun der Natioun. Allerdéngs misst senger Meenung no kloer eppes zu ënner anerem den Theeme Logement a Präisdeierecht gesot ginn.

Den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner rechent net mat gréisseren Ukënnegungen vun der CSV-DP-Regierung, ausser eventuell zur Steierpolitik, ergo och zur ugekënnegter Steierreform.

E Mëttwoch de Moien wäert dann an der Chamber iwwer d'Ried zur Lag vun der Natioun debattéiert ginn. D'Verhandlungen an der Tripartite si fir den 2. Juni ugesat.

play_arrow Lauschteren