De Rick Kolossow aus dem Waffegeschäft RCM-weapons zu Jonglënster erkläert, déi Waffe funktionéieren elektresch oder mat Gas.
Déi Waffen hu bis zu 7,5 Joule, also déi Energie, mat där d‘Kugel aus der Pistoul geschoss gëtt. D'Joule spillen eng Roll am Lëtzebuerger Waffegesetz. An deem geet nämlech net ausdrécklech rieds vun Airsoftwaffen, si falen awer an d‘Kategorie vun de sougenannten armes non à feu.
Seuile vun 0,5 a 7,5 Joule
Et gëtt am Waffegesetz zwee Seuilen, erkläert de Luc Reding aus dem Justizministère. Eng Kéier 0,5 Joule an eng Kéier 7,5 Joule. Ënner 0,5 fält eng Waff net ënner d‘Waffegesetz. Bei engem Wäert tëschent 0,5 a 7,5 Joule ass et eng Waff, déi een awer dierf doheem hunn. Fir de Gebrauch vun enger Waff iwwer 7,5 Joule muss een dann ee Waffeschäin hunn. Awer och déi Waffen ënner 7,5 Joule, dierf een net am fräien hantéieren.
D'Gesetz gesäit Strofe vir déi vu 6 Méint an 3 Joer Prisong ginn, an eng Geldstrof vu bis zu 25.000 Euro. Well et sech am Fall vum Lycée Guillaume Kroll awer ëm ee Mannerjäregen handelt, ginn déi Strofen net ugewannt.
Airsoftwaffen dierfen net u Mannerjäreger verkaf ginn
Och fir Waffenhändler ginn et Virschrëften: Si dierfen och Airsoftwaffen, fir déi ee kee Waffeschäi braucht, net u Mannerjäreger verkafen, erkläert de Rick Kolossow.
Mat enger Airsoft-Pistoul kann een am Prinzip keen ëmbréngen. Awer, deemno wou ee getraff gëtt, ganz seriö blesséiert ginn, wann d’Kugel een am A trëfft zum Beispill. Bei dem rezenten Tëschefall zu Esch ass glécklecherweis jo awer kengem eppes geschitt.