Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Hot Chip - Straight To The Morning Feat. Jarvis Cocker

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wat bleift vum Applaus fir d'Fleegepersonal?

Sozialwalen

Wat bleift vum Applaus fir d'Fleegepersonal?

Zu Lëtzebuerg gëtt et weider een akute Mangel u Personal am Fleegesecteur. Wat gëtt ënnerholl fir d’Personal am Beruff ze halen, respektiv nei Leit fir d'Beruffer an der Fleeg ze begeeschteren? D’Marlène Clement huet sech am Kontext vun de Sozialwale mat Vertrieder aus dem Secteur, an och mam Personal selwer iwwert d‘Erausfuerderungen an d‘Erwaardungen an der Fleeg ënnerhalen.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Trotz Verbesserunge vun den Aarbechtskonditiounen duerch ënnert anerem besser Kollektivverträg gëtt et zu Lëtzebuerg weider een akute Mangel u Personal am Fleegesecteur. Wat gëtt ënnerholl fir d’Personal am Beruff ze halen a wat bleift no der Corona-Pandemie vum Applaus fir d’Fleegepersonal? De Pitt Bach vum OGBL mengt, datt d'Unerkennung bis haut feelt.

"Als OGBL hu mir wärend der Pandemie Kollektivverträg verhandelt, mir hunn d’Aarbechtskonditiounen esou gutt ewéi méiglech verbessert. Déi Unerkennung doriwwer eraus eigentlech vun deem, wat an deem Secteur geleescht ginn ass, déi feelt bis haut."

'Hätt ech dat gewosst, hätt ech eng aner Ausbildung gewielt'

An där Meenung ass och eng jonk Infirmière, déi anonym wëllt bleiwen. Mir nenne si Laura. D’Laura huet Ufank 2020, also just virun der Pandemie, als Infirmière ugefaangen an engem Spidol ze schaffen. D’Pandemie huet si als ganz belaaschtend an Erënnerung. Mee och dëse Wanter hätt si missen duerch krankheetsbedéngten Ausfäll an hirer Ekipp nees vill Iwwerstonne maachen an och mol siwen Deeg um Stéck schaffen.

"Also ech muss soen, a mengem Ëmfeld héieren ech de Saz 'Hätt ech dat gewosst, hätt ech eng aner Ausbildung gewielt' scho relativ oft."

Een anere Beruff wéilt si trotzdeem net maachen, seet déi jonk Infirmière iwwerzeegt, mee ...

"Et gëtt net attraktiv gemaach, den Job vun enger Infirmière oder vun enger Aide-soignante. Jiddereen denkt sech: 'Ok, firwat soll ech mir dat heiten undoen? Ech kann et iergendwou anescht vill méi einfach hunn a kréie méi Suen dofir.'"

Ee Mangel u Personal

Datt et net einfach ass, Jonker fir déi verschidde Beruffer an der Fleeg ze begeeschteren, fält och der Christine op, déi zanter gläich 40 Joer als Infirmière an engem Stater Spidol schafft.

"An zwee, dräi Joer, geet een Drëttel vum Fleegepersonal, dat aktuell schafft, an d’Retraite, esou wéi ech och. An da kënnt et zum Problem, well dann eben net méi genuch Jonker do sinn. Et ass jo lo schonn ee Problem, fir Jonker ze fannen, déi dee Beruff wëlle léieren."

Fir weider eng gutt Gesondheetsversuergung kënnen ze garantéieren, brauch de Grand-Duché bis 2030 3.827 zousätzlech spezialiséiert Infirmièren an Infirmieren. Dat geet aus dem nationale Gesondheetsplang ervir, deen zejoert am Juni presentéiert ginn ass.

Perséinlech géing si sech ëmmer nees fir dee Beruff entscheeden, seet d’Christine. Aktuell wieren d’Aarbechtsbedingungen awer schwiereg, gëtt si zou.

"Ebe well net genuch Personal do ass, a well mir aus enger Zäit erauskommen, wou d‘Klinicken e bëssen esou wéi Entreprise bewirtschaft sinn, dat heescht, et ass alles gemooss ginn, et ass alles ganz nom Lean Management agesat ginn, sou datt d‘Infirmièren eigentlech keng Zäit méi hunn oder net méi genuch um Bett vum Patient sinn."

"Am Ausland ass et och machbar"

Eng Problematik, op déi och d‘Gewerkschaften opmierksam maachen. Dem Pitt Bach vum OGBL no wier d’Fleegepersonal haut mat méi administrativen Tâche confrontéiert, wéi nach an der Vergaangenheet.

"Ech denken, datt do an Zukunft d’Digitaliséierung kann eng ganz wichteg Roll spillen. Fir ze soen, déi Dokumentatioun, fir do alles eenzel an de Computer ze tippen, do mussen et an eisem Zäitalter einfach besser Méiglechkeete gi fir do der Fleegekraaft wierklech d’Liewe méi einfach ze maachen an hir méi Zäit ze gi wierklech beim Patient ze sinn."

Ee weidere Problem wier d‘Organisatioun vun der Aarbechtspläng, fënnt d’Céline Conter vum LCGB.

"Well déi vläicht net ëmmer méi lo sou ausgeglach sinn, datt een do ka souverän seng Aarbecht maachen. An dat ass natierlech och een Element, datt d’Leit ëmmer méi sollicitéiert ginn. an datt dann eben de Phenomen och nach dobäi kënnt, datt se awer midd sinn a wierklech erschöpft sinn. An dat ass ee grousse Problem am Moment."

D’Associatioun vun den Infirmièren a Infirmiere fuerdert an deem Kontext, datt d‘Déngschtpläng zwee Méint am Viraus misste kommen, sou d’Presidentin vun der ANIL, Anne-Marie Hanff.

"Dat ass am Ausland esou, dat ass machbar. Et kann een zwee Méint am Viraus plangen. Natierlech geschéien ëmmer Ännerungen an an deem Fall misst dann eng équipe volante do sinn, déi an deem Fall aspréngt, amplaz datt d’Leit ëmmer zeréckgeruff ginn. An dat géif d'Aarbechtsqualitéit wierklech immens vill verbesseren an och d'Work-life-Balance."

D’Presidentin vun der ANIL ass weider der Meenung, datt een, fir der Penurie am Fleegesecteur entgéint ze wierken, ee "Fleegedësch" bräicht mat Regierungsvertrieder an all den Acteuren déi concernéiert sinn. 

Lauschterenplay_arrow