"De Prisong kann een nëmme verstoen, wann een do schafft, oder do sëtzt. Well de Prisong ass schwéier a Wierder ze faassen."
De Kirk Fickinger schafft schonn zënter 26 Joren als Gardien zu Schraasseg. Eng Zäit, an där hie vill gesinn an erlieft huet.
"Kee Gardien, deen eng Kéier - wann da mol eppes méi Schlëmmes geschitt ass - ass frou fir dobaussen doriwwer ze schwätzen. Well meeschtens sinn dat méi schlëmm Erliefnisser an d’Leit dobausse kënnen och net hëllefen, well si guer net dat verstinn, wat hei banne geschitt."
Et wier fir d'Giischtercher méi einfach fir sech mat engem gudden Aarbechtskolleeg oder mam Virgesetzten auszetauschen, oder op déi entspriechend intern Servicer zeréckzegräifen.
De Giischtjen ass den direkten Uspriechpartner fir d'Detenuen
Et wier een Job, wou een eppes bewierke géif, well een de Leit hëlleft sech op ee Liewen nom Prisong virzebereeden, erzielt och de Jeff Herr, deen zënter iwwer 5 Joer zu Schraasseg schafft. Dozou gehéiert och ee Vertrauensverhältnis, dat mat der Zäit mat den Detenuen opgebaut gëtt.
"Verschiddener gesinn dech als grousse Brudder, oder als wat och ëmmer. Mir sinn einfach den direkten Uspriechpartner."
D’Alldagsaufgabe vun de Giischtercher gi vun der Iwwerwaachung an der Begleedung vun de Prisonéier, bis zu der Koordinatioun vun Haffgäng a vun den Affekots- an Dokter-Rendez-vousen, dem Schreiwe vu Protokoller an der Iessensverdeelung.
Detenue kënne bis zu 10 Stonne Visitt pro Mount kréien. Och déi musse geréiert ginn. All Detenu muss am Prisong och schaffen, sief dat an der Buanderie, an der Schräinerei, an der Schlässerei oder am Garage.
Och d'Deeskalatioun bei Sträitmomenter gehéiert zu den Tâchë vun de Giischtercher.
"Si sinn zu 10 op enger Plaz. A wann der zwee Stéck do dobäi sinn, déi net mateneen eens ginn, da muss dat iergendwann eskaléieren. Gottseidank kënnt dat selte vir. Meeschtens kritt een et och séier gekläert. Et ass éischter an Ausnamefäll, datt et wierklech rabbelt an ee seet 'dat hei ass richteg schlëmm‘."
De Prisong fir Untersuchungshäftlingen huet d'Situatioun zu Schraasseg entspaant
De Kirk Fickinger ass Chef vum Departement F - also de Beräich vun de Fraen. Do géif et Ënnerscheeder ginn. Frae géifen zum Beispill net esou séier ënnertenee kierperlech gewalttäteg gi wéi d'Männer.
"Frae gräife sech éischter verbal un. Et ass och net dat klassescht Bild, wat vill Leit hunn, datt si sech krazen a bäissen, dat ass och net wouer. Et ass wierklech verbal, wéi si sech ugräifen."
Zënter datt et den Untersuchungsprisong um Uerschterhaff gëtt, hätt sech d'Ambiance zu Schraasseg liicht entspaant.
"Et geet mech näischt un, wat si gemaach hunn"
Eng vun den Erausfuerderunge wier et och professionell ze bleiwen a sech net vun eventuelle perséinleche Virurteeler leeden ze loossen. Zwar hätten d'Gardienen Accès op eng Tabell, wou graff d'Kategorie vum Crime vun de Prisonéier steet, mee de Jeff Herr huet fir sech decidéiert, déi net nokucken ze goen.
"Et huet mol kee Joer gedauert, do hunn ech gemierkt, wann ech dat kucke ginn, dann, wéi soll ech soen, mäin ‘Innerlichen Ech' dee verurteelt si schonn, nodeems wat si gemaach hunn. Da behandels du net jiddereen d’selwecht an du kriss deng Aarbecht net esou transparent gemaach, wéi s du et solls. Also fir mech ass dat esou. Et kënnt och net a Fro, datt ech dat einfach weess. An am Fong: Ech maachen hei meng Aarbecht, mech geet näischt un, wat si gemaach hunn."
Aus Respekt zu der Privatsphär vun den Detenuen duerfte weder Tounopnamen nach Fotoen am Detentiounsberäich gemaach ginn. Mee de Jeff Herr an de Kirk Fickinger hunn eis en Abléck an d'Welt hannert de Gittere ginn. Eng Welt, vun där si no Feierowend awer doheem ofschalte kéinten, esou déi zwee Giischtercher. Wat an deem deels emotional belaaschtenden Job och wichteg wier.