Radioen

On air

9 bis 1  |  Louis Culture, Tora-i, Richie - Babe

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Wat ass e gerechte Walsystem?

Fräie Mikro

Wat ass e gerechte Walsystem?

Virum Hannergrond vun de Presidentiellen an den USA huet de Philosoph Jean-Luc Thill eng Reflexioun iwwer eisen eegene politeschen Narrativ hei zu Lëtzebuerg ugestouss.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Jean-Luc Thill | © Chris Zeien play_arrow

D'USA hu gewielt. Virum Hannergrond vun engem System, wou Walmänner sech mam Päerd op Washington maache fir d'Resultat aus hirem Bundesstaat matzedeelen, stellt sech ëmmer déi selwecht Fro: Ass de System gerecht?

D'Äntwert ass einfach: Jo, soen déi, déi d’Wale gewonn hunn. Nee soen all déi Aner. Anescht ausgedréckt: Wie verléiert fënnt de System weder gerecht, nach zäitgeméiss.

Opdeelung a Walbezierker: Net grad modern

Dës Äntwerte widderhuelen sech och zu Lëtzebuerg all 5 Joer: Zum Beispill beim Reschtsëtz: Wien dëse kritt fënnt dës Reegel adäquat. Wien e verléiert inakzeptabel. Zyklesch gëtt lamentéiert a protestéiert, wéi iwwerlieft eise Walsystem eigentlech ass. Eis historescher Opdeelung a Walbezierker, korreléiert un eng Zuel vu Still an der Chamber, géife bei engem moderne Faktencheck d'Strooss net kënnen halen.

Zyklesch gëtt och ageklot, datt endlech misst Schluss si mat der politescher Schizophrenie, also de villen Kapen a Gesiichter, déi eenzel Leit sech kënnen opsetzen, kuerz Duebel-, Triple oder nach méi Mandater. Och hei een eendeitege Feedback: Wie keng Kap krut ass vehement géint dës arithmeetesch Operatioun mat Mandater, déi Aner bleiwe méi differenzéiert a gesi kee Widdersproch mat der Ëmsetzung vun dësem Modus operandi.

Firwat soll och eppes, wat bis ewell geklappt huet, net nach weider esou kënne funktionéieren? Mol ofgesinn dovunner, datt dëst e klasseschen naturalistesche Feelschloss ass, gouf eben dës Fro nach ni wierklech ënnersicht: An zwar, ob dat mat de ville Kapen dann och wierklech klappt, also fir de Bierger. Datt et fir déi Fraen a Männer mat de ville Kape gutt klappt - virun allem finanziell - ass kee Geheimnis. "Wo kein Kläger, da kein Richter", géife se bei eisen däitschen Nopere soen.

Et feelt u Courage

Wéini féiert d'Feststellung, datt e System net méi passt, zur Asiicht, de System wierklech ze änneren? Mir liewen an där séierster Zäit, déi de Mënsch bis ewell kannt huet an organiséieren eis politesch wéi zu Zäite vu Päerdskutschen a Käerzeliicht. Och ouni Walmänner. Mir loggen eis ob der Aarbecht, der Bank a wou soss nach iwwerall mat dräifache Sécherheetsschlësselen an, awer fir digital méi aktiv Demokratie ze woen, dofir feelt scheinbar souwuel de Wëlle wéi och de Courage.

Bedenke bei der Sécherheet sinn änlech lächerlech: Wat soll digital net funktionéieren, wat analog schonns ëmmer gaangen ass?
Dofir soll d'Ufanksfro nach emol anescht gestallt ginn: Wat ass e gerechte Walsystem? Dës philosophesch an oppe Fro soll kënnen dozou féieren, e System fir d'Welt vun haut opzestellen, éier et ze spéit ass.

Wéini ass dann Zäit fir déi "Introspektioun" vun där de Charles Goerens am Kontext vun den US-Wale geschwat huet.

Mir wëssen all: Wien ze spéit kënnt, dee bestrooft d'Liewen. Wéi laang wëlle mir dann nach Zäit loossen? Wann de lëtzebuergesche Pendant vum Roger Stone bis op der Bün steet, dann ass et ze spéit.

Mam Bléck ob d'Europaparlament muss ee sech d'Fro stellen, ob deen net schonns do steet.

Lauschterenplay_arrow

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.