De Verkaf an d’Liwwerung vu russeschem Pëtrol, dee bis zur Nuecht op ee Freideg op Schëffer geluede gëtt, ass bis de 16. Mee net vum US-Verbuet betraff. Dat huet den US-Finanzministère matgedeelt.
D’USA probéieren domat op een Neits, déi global Energiemäert ze berouegen.
Sue fir déi russesch Krichskeess
Scho Mëtt Mäerz hat Washington esou eng Ausnam decidéiert, déi bis den 11. Abrëll gedauert hat.
Kritiker no, gëtt Russland doduerch finanziell gestäerkt. De Kreml notzt d’Recetten aus der Pëtrols-Industrie fir säi Krich géint d’Ukrain ze finanzéieren.