Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Wann eng Stammzellen-Transplantatioun ee Liewe rett

Sensibiliséierungsdeeg fir Stammzellen-Transplantatiounen

Wann eng Stammzellen-Transplantatioun ee Liewe rett

Weltwäit stierft all drëtte Leukemiepatient, well kee kompatibele Stammzellespender fonnt gëtt. Sou heescht et vum Plooschter Projet, dee reegelméisseg iwwer Bluttkriibs opkläert a Registréierungsaktionen duerchféiert. Dofir stoungen déi lescht Deeg bei den Hopitaux Robert Schumann ganz am Zeeche vun de Stammzelle Spenden.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow

Zesumme mat den Associatiounen "Däin Don meng Chance" an dem "Plooschter Projet" hunn d‘Klinicken iwwer d'Theema Stammzellen-Transplantatioun sensibiliséiert an d’Leit dozou opgeruff, sech als Spender ze registréieren. Momentan wiere ronn 22.000 Leit an der lëtzebuergescher Datebank agedroen. Bei Wäitem net genuch.

"Wann ech drun zeréckdenken, da gi mir d'Schudderen aus"

Datt déi Stammzellen-Transplantatioun hautdesdaags guer net méi sou schlëmm ass, wéi een et villäicht mengt, a wéi frou een ass, wann ee mat enger Spend ka Liewe retten, weist d’Geschicht vum Maurice Schwarz a senger Mamm. 

De Maurcie Schwarz war am Oktober 2021 grad ënnerwee fir an de Sport zu Wien, wou hien een Telefon vu Lëtzebuerg kritt huet: Bei senger Mamm hätt ee Leukemie - also Blutt Kriibs - diagnostizéiert. Deen Ament wier hien aus alle Wolleke gefall.

"An ech muss och ganz éierlech soen, wann ech drun zeréckdenken, da gi mir d'Schudderen aus, well ech nach genau de Moment quasi virun Aen hunn. Ech stoung a menger Kummer. Ech war grad amgaange mech prett ze maachen, fir an de Sport ze goen."

Fir d’éischt hätt ee bei senger Mamm dunn eng Chemotherapie ugefaangen, erzielt eis de Fils. Dëst Therapie wier dann iwwer e puer Méint gaangen.

"Dat war fir mech natierlech extreem emotional, well s de dann trotzdeem mierks, dass et denger Mamm vu Moment zu Moment ufänkt méi schlecht ze goen."

Ënnerscheeder tëschent Mann a Fra

Hien a säin Brudder hunn dee Moment zu Wien studéiert. All Dag hätt hie mat senger Mamm telefonéiert. No der Chemotherapie hätt een da geduecht, si hätt de Kampf géint de Kriibs gewonnen, erzielt d’Mamm vun den zwee Bouwen, d'Nadine Everling.

"Leider Gottes ass dunn zwee Méint duerno bei enger Kontroll festgestallt ginn, dass erëm Kriibszellen do wieren an zu deem Zäitpunkt huet dunn den Dokter gesot, da misste mir awer eng Greffe de moelle envisagéieren."

Hier Schwëster hätt sech teste gelooss an si wier kompatibel fir en Don de Moelle - also eng Stammzellen-Transplantatioun - gewiescht. Et wier awer esou, datt männlech Persoune sech vun engem medezinesche Point de Vue besser fir eng Stammzellen-Transplantatioun eegenen. Dofir hätte sech hir zwee Jongen och teste gelooss, sou d’Nadine Everling.

"Et ass eeben och, well d'Kanner méi jonk waren a well et och Männer waren. Dat heescht, bei de Greffe de moelle bei de Fraen ass een Hormon, dat bei all Schwangerschaft erofgeet, dat awer wichteg ass fir d'Greffe, wat een awer bei de Männer dann eeben net huet. Dat heescht, d'Männer sinn an deem Fall souguer quasi méi gëeegent."

Spender hunn eng 5 prozenteg Chance, geruff ze ginn

D’Kanner hunn. anescht wéi direkt Geschwëster. just zu 50 Prozent déi selwecht DNA. Datt hir zwee Jongen nieft hirer Schwëster och als Spender a Fro komm sinn, war een absolutte Glécksfall, sou d'Nadine Everling.

"Ech bezeechnen dat ëmmer als e Sechser am Lotto, dräi Leit ze hunn, déi compatibel sinn, well eebe vill Leit keng Familliarcompatibilitéit hunn."

D’Chance, datt ee Member aus der Famille kompatibel ass, läit bei 25 Prozent, sou d’Christiane Lieners, Responsabel vum Plooschter Projet. Wa keen aus de Famillen a Fro kënnt, läit d’Chance, e passende Spender ze fannen, bei 1 zu enger Millioun.

Ob ee Mënsch kompatibel ass kann iwwer eng Blutt- oder Speechelprouf getest ginn. Hei gëtt gekuckt, ob sou genannten HLA-Aschléi iwwereene passen. Wann ee sech als Spender andréit hätt een eng 5 Prozent Chance, datt ee geruff gëtt, sou d’Responsabel vun dem Plooschter Projet. 95 Prozent vun de Stammzellen-Transplantatioune géif hautdesdaags iwwer de Bluttwee duerchgefouert ginn.

Een Akt, deen onendlech dankbar mécht

Sou war et och beim Maurice Schwarz, wou hie sech bereet erkläert huet, Stammzelle fir seng Mamm ze spenden.

"Am Ufank hunn ech mir gesot: Okay, et ass esou wéi an de Filmer, datt s de da muss quasi mat enger risegrousser Sprëtz an d‘Réckemuerch gepickt kréien. Do kann ech wierklech zu de Leit soen, dat ass et net. Et ass wierklech een einfache Wee, fir enger Persoun hirt Liewen ze retten."

D’Stammzellen-Transplantatioune vun hirem Jong huet bei der d’Nadine Everling ugeschloen. Si ass haut erëm geheelt an ass onendlech dankbar, datt si eng zweet Chance kritt huet. Dofir huet si dës Sensibiliséierungsdeeg fir Stammzellen-Transplantatiounen an d’Liewe geruff.

Wie sech gäre well als Stammzellespender androen, kann dat nach haut an der Zitha Klinik an der Stad tëscht 12:00 a 15:00 Auer maachen. An och soss kann ee sech an all de private Laboen hei am Land mellen a sech mat enger Bluttprouf als Spender an déi international Datebank androe loossen. Fir Spender ze gi muss een tëscht 18 a 40 Joer al sinn.

Lauschterenplay_arrow