Radioen

On air

9 bis 1  |  Alice In Chains - No Excuses

play_arrow Live
search

/ CID | Fraen an Gender no Trump-Victoire: Et ass elo de Moment een Zeechen ze setzen

Walvictoire vum Donald Trump

CID | Fraen an Gender no Trump-Victoire: Et ass elo de Moment een Zeechen ze setzen

Datt den Donald Trump op en neits US-President gëtt, wier katastrophal fir d’Fraerechter weltwäit. Och fir d’Rechter vu Minoritéiten a vun der LGBTQIA+ Communautéit. Dat seet d’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender am 100,7 Interview.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

D’Isabelle Schmoetten vum CID - Fraen an Gender. | © radio 100,7 play_arrow

Och bei der Besetzung vu sengem Cabinet, hätt de Republikaner net Halt do virdru gemaach, Leit ze designéieren, déi ee Casier hätte wéinst sexuellem Mëssbrauch, constatéiert d’ASBL.

"Your body, my choice": Eng Provokativ Uspillung

Meenungen déi warscheinlech scho latent do waren, géingen duerch dem Donald Trump seng Walvictoire gestäerkt ginn, bedauert d’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender. Dat géing sech och schonn dräi Wochen no de Wale spierbar maachen.

"An der Gesellschaft an den USA, wou dann op Uni-Campussen, Männer mat Plakater op d’Strooss ginn, wou drop steet, “Your body, my choice”, also däi Kierper mäi Recht."

Eng provokativ Uspillung deemno op de Slogan "My body, my choice", deen zanter de 60er Joren am Zesummenhang mam Recht op Ofdreiwung genotzt gëtt.

Suerg iwwer d'Reaktiounen op Soziale Medien

Mat Suerg bléckt de CID | Fraen an Gender och op d’Reaktiounen an de soziale Medien zu Lëtzebuerg nom Trump seng Walvictoire. An engem fräiheetlech demokratesche Staat wéi Lëtzebuerg kéint een éischter domat rechnen, datt d‘Leit schockéiert wieren, iwwert dem Donald Trump seng Walvictoire wieren, mengt d‘Isabelle Schmoetten. Et ass awer anescht komm.

"Datt do ganz vill Leit dat applaudéieren a soen, super déi maachen dat richteg, déi maachen et vir."

Fir Lëtzebuerg de Moment en Zeechen ze setzen

Mam designéierten US-President Trump, wier net nëmmen d’Recht op Ofdreiwung a Gefor, esou d’Isabelle Schmoetten. Et géing een och riskéieren, datt nach manner Gender-baséiert Gewaltdote verfollegt ginn.

Fir Lëtzebuerg wier et an deem Kontext ee gudde Moment en Zeechen ze setzen.

"Datt ee seet, da schreiwe mir elo d’Recht op Ofdreiwung an d’Constitutioun an. Mir maachen et wéi Frankräich a mir ginn eng aner Richtung. A ganz bewosst a ganz kloer."

Viru gutt zwee Joer hat dat Iewescht Geriicht an den USA d’Recht op Ofdreiwung aus dem Joer 1975 gekippt, mam Argument, datt d’Recht net an der Verfassung festgehale wier. Zanterhier kann all US-Bundesstaat selwer doriwwer entscheeden.

Lauschterenplay_arrow