Si an och verschidde Mënscherechtsorganisatioune geheien der aktueller Regierungscheffin Sheikh Hasina fir, geziilt géint déi politesch Oppositioun virzegoen, an och schon dausenden Kritiker festgeholl ze hunn.
Observateure ginn awer dovunner aus, datt déi 76 Joer al Hasina d'Wale gewënnt, an dann di 5. Amtszäit un der Spëtzt vun der Regierung untrëtt. De Bangladesch huet eng 170 Milliounen Awunner. 120 vun hinne si stëmmberechtegt. D‘BNP huet en Appell gemaach, net wielen ze goen.
Am Bangladesch liewen eng Millioune Rohingya -Flüchtlingen, déi am Myanmar verfollegt ginn, an dohinner geflücht sinn. An engem iwwerfëllte Flüchtlingslager gouf et hënt e Brand. Op d'mannst 2.500 Leit hu keen Dach méi iwwert dem Kapp, well hir Hütt verbrannt ass. Et soll awer kee Mënsch zu Schued komm sinn.