Radioen

On air

9 bis 1  |  Alfie Templeman - Hello Lonely

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wäilies: Wënzer:inne versprieche sech ee gudde Joergang 2024

Viticulture

Wäilies: Wënzer:inne versprieche sech ee gudde Joergang 2024

Offiziellen Optakt vun der Wäilies: A Präsenz vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen hunn haut de Mëtteg Vertrieder vun de Privatwënzer, vun den Domaine Vinsmoselles a vum Institut viti-vinicole haut déi éischt Drauwen zu Réimech gelies.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Foto: MA

D’Wënzer:inne schwätze vun engem villverspriechende Joergang 2024. Zwar gouf et ugangs dës Joers Problemer duerch de Frascht. Mee no enger éischter schwéier Saison 2023 hätt een dësen Hierscht bis elo éischter wéineg mat Fäulnis an de Wengerten ze kämpfen, sou de President vun den Domaines Vinsmoselles Josy Gloden de Mëtteg virun der Press.

Ausso vum Josy Glodenplay_arrow

D‘Drauwe wiere bis elo „kärgesond“ an et versprécht ee sech ee ganz gudde Joergang. Och wann, wat d‘Quantitéit ugeet, manner wäert rauskommen.