Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Waffestëllstand tëschent Israel an Hisbollah ass a Kraaft getrueden

Noen Osten

Waffestëllstand tëschent Israel an Hisbollah ass a Kraaft getrueden

E Waffestëllstand tëschent Israel an der Hisbollah ass hënt a Kraaft getrueden. Wann en unhält, geet deen aktuelle Krich tëschent Israel an där pro-iranescher Hisbollah Miliz no méi wéi engem Joer op en Enn.

auto_stories

3 min

Palestinenser | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

No der Ukënnegung vum Waffestëllstand tëscht Israel an der Hisbollah huet de libanesesche Premierminister seng Hoffnung op e politeschen Neistart fir säi Land ausgedréckt. Hien erkläert, datt dësen Accord eng Chance kéint sinn, eng "nei Säit" an der Geschicht vum Libanon opzeschloen. Gläichzäiteg huet Israel betount, datt dat "ultimativt Zil" d’Fräiloosse vun den israeelesche Geiselen an der Gazasträif bleift.

USA a Frankräich ënnersträichen d'Bedeitung vum Waffestëllstand

Dëse politesche Kontext ënnersträicht d’Wichtegkeet vum Waffestëllstand, dee vu béiden internationalen Acteuren, den USA a Frankräich, ënnerstëtzt gëtt. Béid Staatscheffen, den US-President Joe Biden an de franséische President Emmanuel Macron, hu sech zum Accord geäussert a seng Bedeitung ënnerstrach.

De US-President Joe Biden erkläert, datt d’USA zesumme mat hiren Alliéierten dofir suergen, datt den Accord respektéiert gëtt. Dëse Konflikt dierft net nees an een "Däiwelskrees vun der Gewalt" ausaarten. Den US-President betount, datt Israel d‘Recht op Selbstverdeedegung huet, wann d‘Land bedreet gëtt.

Och de franséische President Emmanuel Macron huet dësen Accord begréisst a betount, datt Frankräich de Garant wëll sinn, fir den Accord ëmzesetzen. Libanon kéint elo nees Sécherheet opbauen. Fir Israel wier et elo méiglech, sech op de Retour vun deenen déi deplacéiert goufen, ze fokusséieren.

D'Situatioun bleift zerbriechlech

De Waffestëllstand gesäit vir, datt déi israeelesch Arméi sech bannent 60 Deeg aus dem Libanon zréckzitt. D’Hisbollah muss sech gläichzäiteg 30 Kilometer vun der israeelesch-libanesescher Grenz ewechzéien. An der Grenzregioun sollen déi libanesesch Arméi an d’UNO-Friddensmuecht UNIFIL fir d’Sécherheet suergen. 

Den Emmanuel Macron gesäit dësen Accord als eng Chance fir de Libanon. Fir datt d’Land nees eng Stabilitéit a Souveränitéit kéint opbauen.

Obwuel den Accord als Hoffnung fir d’Regioun gesi gëtt, bleift d’Situatioun zerbriechlech. Israel huet gewarnt, dass d’Land militäresch reagéiere wäert, wann den Accord gebrach gëtt. Zousätzlech geet de Krich an der Gazasträif weider, wou d’Leit weider ënner de Kämpf leiden.

Xavier Bettel begréisst Waffestëllstand 

De Lëtzebuerger Ausseminister begréisst op Nofro hin den Accord fir ee Waffestëllstand an hofft net just, datt béid Säiten e wäerte respektéieren. Mee och, datt et een Zeeche kéint sinn, datt endlech och ee Waffestëllstand an der Gazasträif kéint kommen, esou de Xavier Bettel. Hien hätt iwwerdeems léiwer gehat, den Accord am Libanon wier schonn éischter fonnt ginn. Déi iwwer 3.000 Doudesaffer, déi d‘Ausernanersetzungen tëscht Israel an der Hisbollah bis elo gefuerdert hunn, wieren der 3.000 ze vill.

"D'Leit an der Regioun brauche Fridden a virun allem zivil Leit, déi och näischt mat deem Konflikt ze dinn hunn."