Engem Communiqué no huet déi israeelesch Arméi véier Ziler getraff, dorënner eng Rakéitenanlag bei Saïda, enger Stad ronn 30 Kilometer vum Floss Litani. D’Hisbollah soll sech laut Feierpaus-Ofkommes nërdlech vum Floss zeréckzéien.
Och e militärescht Gefier bei enger Rakéitefabrick gouf ugegraff.
Déi libaneesesch Noriichtenagence mellt weider Ugrëffer, dorënner eng Dronenattack op e Gefier an Artillerie-Schëss beim Duerf Shaqra.
D’Feierpaus, déi zënter Mëttwoch gëllt, soll e Schlussstréch ënner zwee Méint Kämpf a ville Méint vu Grenzgewalt zéien. Den ugehale Konflikt huet Zéngdausende Leit an Israel an Honnerte vun Dausende Leit am Libanon gezwongen, hir Haiser ze verloossen.