Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Waffestëllstand am Myanmar

Vermëttler Peking mellt

Waffestëllstand am Myanmar

Am Myanmar gouf e Waffestëllstand tëscht der Militärjunta an dräi arméierte Gruppéierunge vereinbaart. Dat huet China de Moien annoncéiert. Peking hat am Konflikt vermëttelt.

auto_stories

1 min

Zanter Oktober hat eng Allianz vun e puer ethnesche Minoritéiten am Land eng grouss Offensiv géint d‘Arméi lancéiert, haaptsächlech am Grenzberäich zu China. Bei den Ausenanersetzunge gouf et och Affer op chineesescher Säit. Béid Säite wieren sech elo eens ginn, datt se de Fridden an d‘Stabilitéit an der Regioun wéilten opriicht erhalen, huet Peking matgedeelt.