Radioen

On air

Notturno  |  Meernaa - A Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waffekonzerner hunn 2022 manner Gewënn gemaach

Trotz Krich an der Ukrain

Waffekonzerner hunn 2022 manner Gewënn gemaach

Trotz dem Krich an der Ukrain hunn d‘Waffekonzerner weltwäit 2022 manner Recette gehat wéi dat Joer virdrun. Dem Stockholmer Friddensfuerschungsinstitut Sipri no louch den Emsaz bei 597 Milliarden Dollar. Dat ass ee Minus vun 3,5 Prozent am Verglach zum Joer virdrun.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Daniel Vogl
Foto: picture alliance/dpa | Daniel Vogl

Virun allem amerikanesch a russesch Entreprisen hunn däitlech manner verkaf. Europäesch an asiatesch Gruppen hunn dogéint zougeluecht.

Dem Institut no wier d‘Demande no Waffen am Joer 2022 zwar däitlech geklommen, et géifen awer ëmmer nach Problemer mat de Liwwerkette bestoen.