Schonn de Samschdeg hat déi israeelesch Regierung vun enger “Intensivéierung vun hiren Ugrëff” geschwat. De Moie gouf da matgedeelt, datt weider 320 militäresch Ziler an der Gazasträif getraff goufen. Israel ass der fester Iwwerzeegung, datt d’Hamas aus engem ënnerierdeschen Netzwierk eraus operéiert.
Nodeems d’Hamas zwou US-amerikanesch Geisele fräi gelooss huet, huet déi amerikanesch Regierung Israel no geluecht déi geplangte Buedem Offensiv ze verréckelen, dat mellt d’New York Times.
Medezinescht Material geet bis elo net duer
D’Weltgesondheetsorganisatioun fuerdert Israel weiderhin op den Evakuatiouns-Opruff aus dem Norde vun der Gazasträif zeréck ze zéien. Déi schwéier krank Patienten an de Spideeler, déi beotemt wieren oder déi Neigebuerene Kanner a Brutkästen, kéinten net transportéiert ginn. Bis elo koume véier Camionen aus Ägypten mat medezineschem Material un, dat géing bei Wäitem net duer goen, sot de Spriecher vun der WHO.
An engem leschte Bilan vun der Hamas, gouf et zënter dem Krich-Ufank 4.600 Doudeger an der Gazasträif, dorënner ronn 2.000 Kanner. Israel huet zënterhier iwwer 1.400 Doudeger ze bekloen.