Radioen

On air

9 bis 1  |  Alvin And Lyle - Morning Sky

play_arrow Live
search

/ Vun den Owend un an der Belsch: Landeswäite Streik am ëffentlechen Transport

Zuch- a Fluchverkéier betraff

Vun den Owend un an der Belsch: Landeswäite Streik am ëffentlechen Transport

An der Belsch ass den ëffentlechen Transport muer esou gutt ewéi paralyséiert. Et gëtt e landeswäite Streik am Zuchverkéier. Och d‘Hallschent vun de geplangte Flich vun der Brussels Airlines wäerten ausfalen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Kevin Van den Panhuyzen
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Kevin Van den Panhuyzen)

Déi grouss Gewerkschaften hu zu engem Streik opgeruff. D‘Aarbecht gëtt den Owend um 22:00 Auer fir 24 Stonnen neier geluecht. Et ass e Protest géingt d'Rentereform, déi eng nei Regierung kéint duerchzéien.

Iwwer 6 Méint no de Parlamentswale kënnegt sech eng mëtt-riets Regierung un, där hir Pläng also elo schonn op Protest stoussen.