arrow_back_ios

Mediathéik

Mediathéik

/ Vun Orgien, Konscht an Zensur: "Bildgenerationen" an der Konschtgalerie "Am Tunnel"

Bléck zeréck

|
reading time

7 min

headphones

6 min

play_arrow

Vun Orgien, Konscht an Zensur: "Bildgenerationen" an der Konschtgalerie "Am Tunnel"

30 Stonne virun der Ouverture gëtt dem Heinz Cibulka seng Ausstellung "Bildgenerationen" an der Konschtgalerie "Am Tunnel" vun der Spuerkeess ofgesot. Wat war geschitt a firwat hunn dem éisträichesche Kënschtler seng Fotoe fir esou vill Opreegung gesuergt?

reading time

7 min

headphones

6 min

play_arrow
D’Invitatioun fir de Vernissage vun der Expo | © Revue, 18.09.2002
D’Invitatioun fir de Vernissage vun der Expo (Foto: Revue, 18.09.2002)

Den 11. September 2002 an der Konschtgalerie "Am Tunnel" vun der Spuerkeess: D’Ausstellung "Bildgenerationen" vum éisträichesche Fotograf Heinz Cibulka (1943-2026) steet a senge Startlächer. Seng bekannte Fotocollagen, wéi de “Weinviertel-Fries”, hänke well un de Maueren. D’Gäscht fir de Vernissage si gelueden an d’Kataloge leie prett.

Mee just 30 Stonne virun der feierlecher Ouverture fält eng déifgräifend Entscheedung. D’Sophie Morang déi verkënnegt um Dag selwer op der Antenn vum Radio 100,7:

"Den Owend sollt u sech an der Galerie 'Am Tunnel' vun der Spuerkeess de Vernissage vun der Ausstellung vum éisträichesche Fotograf Heinz Cibulka sinn. De Comité Directeur vun der Spuerkeess huet awer gëschter decidéiert, de Vernissage an och d'Ausstellung ze annuléieren.“

D’Ausstellung gouf ofgesot! Mee firwat? Wat war geschitt?

Dorop wëlle mir an dësem "Bléck zeréck" agoen. Mir ginn iwwer d’Grënn vun der Ofso gewuer, lauschteren an d’Reaktiounen eran an entdecken dobäi, datt de Fall net nëmmen zu Lëtzebuerg fir Opreegung gesuergt, mee esouguer international Schlagzeile gemaach huet.

Aktionismus a Fotografie

Fir d’Opreegung ronderëm d’Ausstellung “Bildgenerationen” ze verstoen, schéngt et als éischt Mol sënnvoll ze erklären, wien eigentlech de Kënschtler hannendru war.

De Fotograf Heinz Cibulka war wuel am bekanntste fir seng "Bildgedichter", an deenen hie Fotoe vu scheinbar alldeegleche Momenter zu associative Bildkompositioune kombinéiert huet. Meeschtens huet hien dofir Motiver aus senger Gebuertsstad Wien oder dem Waldviertel an Niederösterreich benotzt. 

Den Heinz Cibulka wärend sengem Openthalt an der Stad am Joer 2002 | © ORF, ZIB-2, 17.09.2002
Den Heinz Cibulka wärend sengem Openthalt an der Stad am Joer 2002 (Foto: ORF, ZIB-2, 17.09.2002)

Mee säi Liewen a Wierk goufen och staark vum sougenannte “Wiener Aktionismus” gepräägt. Dobäi huet et sech ëm eng éisträichesch Konschtbeweegung gehandelt, déi sech op eng provokant Aart a Weis, meeschten a Form vu sougenannten “Aktiounen”, gesellschaftlechen Zwäng vu Staat a Kierch widdersetze wollt an dowéinst dacks mat Tabue gespillt huet.

Den Heinz Cibulka huet sech a senge jonke Joren un dëse Performancë bedeelegt an huet och herno eng Rei vun Opféierunge vu bekannten Aktionisten dokumentéiert. Dorënner och d’Aarbechte vun dem wuel bekanntste Vertrieder vun der Wiener Konschtbeweegung, dem Hermann Nitsch (1938-2022).

Déi bluddeg Konscht vum Hermann Nitsch

Den éisträichesche Kënschtler Hermann Nitsch war virun allem fir seng Aktiounskonscht bekannt, an där hie Molerei, Text, Musek a Performance matenee verbonnen huet. Seng Aktioune waren eigentlech Opféierungen, wärend deenen d’Spectateure mat all hire Sënner mat agebonne goufen an dacks aktiv mat Blutt vun Déierekadaveren oder Faarwe bestreet oder besuddelt goufen, fir eng "psychesche Reinigung" ze erreechen.

Säi wuel gréisst a bekanntste Wierk war de sougenannten “Orgien-Mysterien-Theater”, ee Spektakel, deen a senger éischter Opféierung am Ganze sechs Deeg gedauert huet an un dem ëm déi 500 Acteure matgewierkt haten. 
  

Den Nitsch wärend senger 56. “Malaktion” | © Daniel Feyeri, 2009
Den Nitsch wärend senger 56. “Malaktion” (Foto: Daniel Feyeri, 2009)

Op dem Nitsch seng Konscht an déi éischten Opféierung vum “Orgien-Mysterien-Theater” ass d’100,7-Kulturjournalistin Sylvie Flammang an engem Kulturbäitrag vun 1998 agaangen:


play_arrow Moiespanorama (00:03:43)


Dem Nitsch säi leschte Konschtspektakel, den “Orgien-Mysterien-Theater”, dee sechs Deeg laang ufanks August op sengem Schlass an Niederösterreich iwwer d'Bün gaangen ass, huet op en Neits fir grouss Opreegung gesuergt.

“Aufstand gegen Nitsch-Orgien” huet déi Oploe-staark Kronenzeitung en Artikel iwwerschriwwen an och d'kathoulesch Kierch huet sech geschuddert. Mee esou gutt wéi all renomméierte Kënschtler an Éisträich an och d'Kulturpolitiker hunn dem Nitsch de Réck gestäipt.

"Dat ass jo déi rengste Pornographie"

Wéinst dem Heinz Cibulka senger enker Verbindung a senger Frëndschaft mam Nitsch an dem “Wiener Aktionismus”, sollten och Fotoe vum “Orgien-Mysterien-Theater” een Deel vu senger grousser Retrospektiv “Bildgenerationen” sinn, déi am September 2002 an der Galerie “Am Tunnel” programméiert war. 

Déi éischt Opféierung vum “Orgien-Mysterien-Theater” am August 1998 am Schloss Prinzenhof an Niederösterreich, dat dem Hermann Nitsch gehéiert huet | © Nitsch Foundation
Déi éischt Opféierung vum “Orgien-Mysterien-Theater” am August 1998 am Schloss Prinzenhof an Niederösterreich, dat dem Hermann Nitsch gehéiert huet (Foto: Nitsch Foundation)

An u genau deene Fotoen hate sech déi Responsabel bei der Spuerkeess gestéiert, wat schliisslech och zur kuerzfristeger Ofso vun der Ausstellung gefouert huet.

De Lucien Kayser, deemolege Commissaire vun der Ausstellung, hat um Owend selwer um Mikro vum Radio 100,7 op dës Ofso reagéiert. Spierbar getouft hat hie säin Onverständnis dofir ënnerstrach, zemools well déi Responsabel vun der Spuerkeess scho laang iwwer de Contenu vun der Ausstellung informéiert waren.

play_arrow De Lucien Kayser am Owespanorama vum 9. September 2002 (00:05:09)

 
"Indignatioun engersäits, well da behaapt gëtt (...) d'Leit vun der Spuerkeess hätten net gewosst, wat op si zoukéim. Wann ech gelift, dat ass net wouer. Si hate säit annerhallef bis zwee Joer Kataloge vum Heinz Cibulka an den Hänn."


Bal 20 Joer nom Virfall hat de Lucien Kayser am Gespréich mam Jean-Claude Majerus d’Evenementer vun deemools nach eng Kéier op der Antenn vum Radio 100,7 Revue passéiere gelooss.

play_arrow Lauschtert an d’Emissioun “Sot Emol” vum 11. November 2021 eran (00:03:58)

"D'Ausstellung steet. Dënschdes soll de Vernissage sinn. Méindes steet se (...), do kënnt dann, ech mengen et ass de President gewiescht, e schwéiere Borscht. Ech wëll hien net mam Numm hei nennen, President vum Conseil d'Administratioun. Dee kënnt doduerch (...) an op eemol fänkt hien un ze brëllen: 'Dat ass jo déi rengste Pornografie!' an esou weider an esou fort. An op déi Interventioun hin. Do ass ee Mënsch, dee vu Konscht keng Anung huet, gëtt decidéiert. An déi Ausstellung, déi d‘éisträichesch Televisioun ophuele komm war, gëtt einfach annuléiert."

De fréiere fräie Mataarbechter vum Radio 100,7 Lucien Kayser | © Radio 100,7
De fréiere fräie Mataarbechter vum Radio 100,7 Lucien Kayser (Foto: Radio 100,7)

National an International Reaktiounen

De Virfall gouf natierlech och an deene follgenden Deeg a Woche vun der Lëtzebuerger Press opgegraff. Séier gouf vun Zensur geschwat a geschriwwen, esou wéi d’Fro iwwer d’Gefor vun der zouhuelender Privatiséierung vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg opgeheit. 

An de lëtzebuergesche Medien war vun Zensur ze liesen | © ORF, ZIB-2, 17.09.2002
An de lëtzebuergesche Medien war vun Zensur ze liesen (Foto: ORF, ZIB-2, 17.09.2002)

 
Mee och international Medien haten iwwer de Virfall bericht. Den Österreichischer Rundfunk (ORF) war extra fir de Vernissage op Lëtzebuerg komm. Well d’Ausstellung dunn net stattfonnt huet an och d’Filmen an der Galerie ënnersot gouf, hat den ORF ee Reportage iwwer d’Ofso realiséiert, deen de 17. September am Noriichtemagasinn “Zeit im Bild 2” diffuséiert gouf.

An dësem koumen och de Kënschtler Heinz Cibulka an de Lucien Kayser zu Wuert.

play_arrow Lauschtert an de Bäitrag vum 17. September 2002 am ZIB2 eran (00:01:58) 

"Es ist von Pornographie oder von, ich weiss nicht was, geredet worden. Es ist also mir nicht klar, warum man da alles plötzlich nicht mehr gut findet, was eineinhalb Jahre lang sorgfältig geplant war und was auch bis zuletzt gutiert wurde."

An dono?

Obwuel et vill Kritik vum zoustännege Kënschtler, dem Commissaire an den nationale wéi internationale Medien um Virgoe vun de Responsabele vun der Spuerkeess gouf, koum et zu kenger ëffentlecher Stellungnam. D’Galerie blouf fir dem Heinz Cibulka seng Fotoen zou.

Ee Joer drop konnt d’Ausstellung “Bildgenerationen” dunn awer nach zu Lëtzebuerg gewise ginn. Dës Kéier allerdéngs am Casino-Forum d’art contemporain.

play_arrow Lauschteren