Radioen

On air

Moiesstudio  |  Martine Kleinberg

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vu Madrid bis Hamburg: Heftege Stuerm mat vill Reen

Extreem Wiederkonditiounen

Vu Madrid bis Hamburg: Heftege Stuerm mat vill Reen

An der spuenescher Haptstad Madrid huet et gëschter esou vill gereent ewéi zanter 100 Joer net méi. Zu Kopenhagen hu misse vill Flich annuléiert ginn, an a Schottland huet eng Fra am Stuerm hiert d'Liewen verluer.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Axel Heimken
(Foto: picture alliance/dpa | Axel Heimken)

An der spuenescher Haptstad Madrid huet et gëschter esou vill gereent ewéi zanter 100 Joer net méi. De Chaos war perfekt tëschent 9 a 6 Auer sinn 90 Liter op de Quadratmeter gefall. Stroossen, Kelleren, de Metro a Spideeler sinn iwwerschwemmt ginn.

De Reen ass duerno Richtung Frankräich weider gezunn. Trotz staarkem Wand an intensivem Reen ass gréissere Schued hei awer ausbliwwen.

Anescht dergéint a Schottland wou am Stuerm eng Persoun vum Waasser mat ewech gerappt gouf an ëm d‘Liewe koum. Eng 250 Haiser hu missen evakuéiert ginn.

Sturmflut dann och op der däitscher Nordséiküst, ronderëm déi frisesch Inselen huet de Fährverkéier misse gestoppt ginn. De staarke Wand dreift iwwerdeems zu Hamburg a Cuxhaven d‘Waasser eraus an d‘Mier. Plazeweis léit de Niveau zwee Meter ënner dem Minimum.

An der dänescher Haaptstad Kopenhagen huet wéinst dem Stuerm all 10. Vol missen annuléiert ginn.