Radioen

On air

Notturno  |  Andy Shauf - Neon Skyline

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Vu Januar un: Ännerunge beim medezinesche Cannabis

Santé

Vu Januar un: Ännerunge beim medezinesche Cannabis

Vum éischte Januar un gëtt de Programm mam medezinesche Cannabis geännert, dat huet d’Santésministerin Martine Deprez de Mëtteg an der Froestonn an der Chamber erkläert. Et gëlt dann eng Iwwergangsléisung. 

auto_stories

1 min

Frankräich hält ganz op mat de Cannabis-Bléien an hei am Land ginn et keng Cannabis-Bléie mat héijem THC-Wäert méi. D‘Quantitéit déi ee wärend enger Period vun 28 Deeg ka kréien gëtt erofgesat.

De Gesondheetsministère huet eng Circulaire Mëtt Oktober dozou diffuséiert. D’Martine Deprez erkläert zu där Decisioun, datt bei héijem THC-Gehalt "d‘Gefore méi grouss sinn". Bei der Doséierung géifen et iwwerdeems administrativ Schwieregkeete ginn an et wier ee Potenzial fir Abusen do.

Lauschterenplay_arrow