Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Votum Klima mécht op den "Earth Overshoot Day" opmierksam

Ëmwelt a Klima

Votum Klima mécht op den "Earth Overshoot Day" opmierksam

Als Uspillung op d‘Olympesch Spiller zu Paräis huet Votum Klima haut ee symbolesche Wettlaf tëschent der Äerd a Lëtzebuerg organiséiert. Dat virum Hannergrond vum sougenannten "Earth Overshoot Day“, deen dëst Joer op iwwermuer, den 1. August, fält.

auto_stories

1 min

Foto: Votum Klima / Facebook

Den Overshoot Day ass deen Dag, wou déi natierlech Ressourcë vum ganze Joer verbraucht sinn. Bei där Aktioun sollt sech weisen, wien als éischt iwwer d'Arrivée leeft - spréch ee Gläichgewiicht tëschent der Regeneratioun an dem Verbrauch vun natierleche Ressourcen erëm hierstellt.

Fazit vu Votum Klima: Kee vu béiden huet et iwwerhaapt bis an d'Zil gepackt. Lëtzebuerg wier an der Course séier zeréckgefall. Dat, well eisen Overshoot Day dëst Joer scho vill méi fréi am Joer, nämlech den 20. Februar, erreecht gouf. 

Mee och d'Äerd wier net am Zil ukomm a wäert den 1. August hir Defaite mussen hinhuelen, esou nach d'Ëmwelt-Plattform.