Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Volt mécht eng Plainte géint RTL bei der Alia

Medienautoritéit

Volt mécht eng Plainte géint RTL bei der Alia

D’Partei Volt huet bei der Medienautoritéit Alia eng Plainte géint RTL agereecht. Grond ass, datt de Sender d’Interviewen am Virfeld vun den Europawale just op senger lëtzebuergescher Plattform ganz publizéiere géif.

auto_stories

1 min

Logo vun der ALIA | © Archiv
Logo vun der ALIA (Foto: Archiv)

Op der franséischer an der englescher Plattform wier just eng Selektioun vun den Interviewen ze gesinn. Et géif een déi editorial Fräiheet vun RTL an alle Medie respektéieren, heescht et an engem Communiqué vu Volt. Et wier een awer der Meenung, datt RTL hei net neutral an equitabel géintiwwer alle Kandidate géif virgoen.

Et wier och wichteg, datt englesch- a franséischsproocheg Wieler Accès op de ganze Contenu zu den Europawalen hätten, esou nach Volt.