Et géif dorëm goen, eng wichteg Etapp fir resilient Versuergungsketten opzebauen, huet den indesche Premier Narendra Modi erkläert.
De brasilianesche President ass de Moment op Visitt an Indien. De Luiz Inacio Lula da Silva huet erkläert:
“D’Erhéijung vun den Investissementer an d’Kooperatioun am Beräich vun den erneierbaren Energien an de kritesche Mineralie steet am Mëttelpunkt vum pionéierhaften Accord, dee mir haut ënnerschriwwen hunn.”
D’Detailer vum Accord sinn nach net ëffentlech gemaach ginn.
Manner Ofhängegkeet vu China als Zil
Brasilien huet weltwäit déi zweetgréisst Reserven un dëse Materialien, déi fir vill Produkter néideg sinn, wéi zum Beispill fir Elektroautoen oder Smartphonen.
Mam Zil seng Ofhängegkeet vu China ze reduzéieren, sicht Indien no neie Fournisseure vu kritesche Mineralien.
Braslien wier a Latäinamerika dee wichtegsten Handelspartner vun Indien, esou den Narendra Modi.