Aus der Europäescher Vollekspartei, der Fraktioun zu där och d’CSV gehéiert, ware bis ewell éischter virsiichteg Téin komm. Et wéilt een op Deeskalatioun setzen.
De Luc Frieden ass zënter gëschter zu Davos.
Frieden: Üblech, datt d'USA droen éier se schwätzen
Den Premier fënnt, d’EU misst staark Géigemesure annoncéieren, a gläichzäiteg am Dialog mat den USA bleiwen. Hie mengt iwwerdeems net, datt et dozou wäert kommen, datt Europa muss Géigemesuren annoncéieren. Et wier “üblech bei den Amerikaner”, datt si droen, éier et zu Gespréicher kënnt. Et misst ee kucken, wat dobäi erauskënnt.
Den US-President Donald Trump soll haut um Mëttwochmëtteg zu Davos ukommen an um hallwer 3 eng Ried halen. Virdrun hat hien annoncéiert, um Weltwirtschaftsforum Gespréicher iwwer Grönland wëllen ze féieren.
Reunioun tëschent Benelux-Länner
Zu Davos wier ënner anerem och eng Reunioun tëschent de Benelux-Länner virgesinn, fir sech virum ausseruerdentlechen EU-Sommet um Donneschdegowend ofzeschwätzen, esou nach de Luc Frieden (CSV). Et wier wichteg, datt d’EU-Länner gëeent optrieden.
“Ech fannen et exzellent, datt den Europäesche Conseil stattfënnt, well Europa muss geschlossen do stoen. Wa 27 Länner ënnerschiddlech Meenungen hunn, dat impressionéiert kaum.”
Friddensrot fir d’Gazasträif
Vum Donald Trump senger Propos, ee Friddensrot fir d’Gazasträif ze grënnen, hält de Premier iwwerdeems näischt. Den Donald Trump hat jo un eng Rei Länner eng Invitatioun geschéckt, fir dem bäizetrieden. Lëtzebuerg gouf do net invitéiert. De Premier betount awer och datt een eng Invitatioun net géif unhuelen. Hie wéisst "net, wat dee Board of Peace soll”
“Duerfir, ech mengen, datt een ëmmer sollt fir de Fridde sinn. Ëmmer soll fir den Dialog sinn. Mee ech sinn net onbedéngt derfir, datt mer nei Organisatioune schafen.”
Frankräich huet eng Participatioun um Friddensrot schonn ofgeleent. Den Donald Trump huet Frankräich dowéinst mat Douanestaxe vun 200 Prozent op Wäiner a Schampes gedrot.