Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Ada - Unbelievable

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Visitt vum Brittesche Kinnek a Kenia

Charles III

Visitt vum Brittesche Kinnek a Kenia

De brittesche Kinnek Charles III ass a Kenia ukomm fir eng Staatsvisitt vu véier Deeg. Am offizielle Communiqué heescht et, d‘Visitt soll deen dynamesche Partenariat tëscht béide Länner stäerken.

auto_stories

1 min

Mee de Kinnek wäert och mat Demande konfrontéiert gi fir sech fir déi kolonial Vergaangenheet vu Groussbritannien an deem ostafrikanesche Land ze entschëllegen. Tëscht 1952 a 1960 ware bei engem Opstand géint d‘Kolonialmuecht iwwer 10.000 Leit a Kenia ëm d‘Liewe komm. 2013 hat London akzeptéiert, eng 5.000 Kenianer ze entschiedegen.

Dem brittesche Kinnek seng Visitte kënnt kuerz éier Kenia am Dezember de 60. Joresdag vu senger Onofhängegkeet feiert.