Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Virworf d‘Walresultat ze änneren: Strofprozedur géint Trump fale gelooss

USA

Virworf d‘Walresultat ze änneren: Strofprozedur géint Trump fale gelooss

Weider Victoire fir den Donald Trump éier hien an d‘Wäisst Haus anzitt. Eng federal Riichterin huet d‘Strofprozedur géint den Trump fale gelooss wéinst dem Virworf, hien hätt d‘Walresultat vun 2020 illegal wëllen änneren.

auto_stories

2 min

Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Ron Sachs - CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Ron Sachs - CNP

De Spezial-Procureur Jack Smith, deen déi Prozedur lancéiert hat, huet recommandéiert, d‘Poursuitten ze stoppen. Als Begrënnung sot hien, de Justizministère dierft net géint e President virgoen, deen am Amt ass. 

De Parquet géif sech awer d‘Méiglechkeet ophalen, d‘Prozedur nees opzemaachen, wann den Donald Trump net méi President ass. Och am Fall vun de confidentiellen Dokumenter, déi den Donald Trump aus dem Wäissen Haus mat a seng Villa a Florida soll geholl hunn, gëtt d‘Strofprozedur géint hie fale gelooss. 

Trump wëll héich Taxen op Importe aféeieren

Deen huet sengersäits och annoncéiert, datt hien am Januar um éischten Dag vu senger Presidence héich Taxen op Importer aus Mexiko, Kanada a China wäert aféieren. Hie wéilt déi dräi Länner domat forcéieren, déi illegal Immigratioun an den Drogeschmuggel an d‘USA effikass ze bekämpfen, esou den Donald Trump op sengem soziale Reseau. 

Déi mexikanesch a kanadesch Importer géifen deemno mat 25 Prozent besteiert ginn, a fir Importer aus China géifen d‘Taxen ëm 10 Prozent gehéicht ginn, esou den designéierten US President.

Hie seet, datt aus China grouss Quantitéite vun der Drog Fentanyl an d‘USA géife geschmuggelt ginn. Peking huet dat dementéiert a gewarnt, en Handelskrich tëscht China an den USA géif kengem eppes bréngen.