Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E19 Mir scheiteren ëmmer nach: Daniel Balthasar an Nathalie Oberweis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Virwalen am Bundesstaat New Hampshire

USA

Virwalen am Bundesstaat New Hampshire

Am US-Staat New Hampshire ass haut Waldag. An de Virwalen an dësem klenge Staat am Nordoste vum Land wielt d’Republikanesch Partei hire Kandidat fir am November géint de President Joe Biden an d’Course ze goen. Eise Korrespondent Philip Crowther ass am New Hampshire an huet do Wieler getraff.

auto_stories

4 min

headphones

2 min

play_arrow

Um siwen Auer moies hunn d’Walbüroen an dësem Deel vun New Hampshire hir Dieren opgemaach, anerer schonn um 6 Auer. Republikaner sinn opgeruff fir ze wielen. Vill Nimm stinn op der Lëscht, mee nëmmen zwee Kandidaten oder Kandidatinnen hunn eng Chance hei am Staat an national. Den Ex-President Donald Trump ass de Favorit, viru senger eenzeger Konkurrentin, der Nikki Haley, ex-Ambassadrice vun den USA bei der UNO.

Hei zu Derry ass d’Tendenz zimmlech kloer, fir den Donald Trump.

“Fir de President Trump, hie steet fir Fräiheet, a si huelen eis Fräiheeten ewech. Ech hoffen hie kritt hei e gutt Resultat. Ech menge schonn. Ech weess datt vill Suen an dësem Staat fir d’Nikki Haley ausgi goufen, fir hir Kandidatur ze ënnerstëtzen. An dann hu mir vill onofhängeg Wieler hei déi fir si wiele kennen. Mee ech hoffen datt hien hei am New Hampshire gewënnt.”

D'Debbie Magee aus Derry, New Hampshire wielt fir den Donald Trump | © Philip Crowther
D'Debbie Magee aus Derry, New Hampshire wielt fir den Donald Trump (Foto: Philip Crowther)

De groussen Ënnerscheed an de Virwalen an dësem Staat par Rapport zu aneren ass, datt och onofhängeg Wieler, dat heescht déi déi net mat enger vun de grousse Parteien affiliéiert sinn, hei fir e Republikanesche Kandidat wiele kennen.

Onofhängeg Wieler: Eng Chance fir d'Nikki Haley

Dat gëtt enger Kandidatin wéi der Nikki Haley hei theoretesch eng Chance, well méi Zentristen oder méi lenks Republikaner hir Stemmen ofginn.

An der Stat Londonderry ass esou e Wieler ze fannen.

“Ech hu fir d’Nikki Haley gewielt. Ech sinn der Meenung, datt mir en neie President brauche par Rapport zu de leschte véier Joren, an de véier Jore virdrun. De President Trump huet vill Bagage a si ass eng besser Kandidatin déi am November gewanne kann an eis eng besser Richtung ka ginn.”

Den David Harrison aus Londonderry, New Hampshire, géif sech wënschen, datt d'Nikki Haley fir d'Republikaner an d'Wale geet. | © Philip Crowther
Den David Harrison aus Londonderry, New Hampshire, géif sech wënschen, datt d'Nikki Haley fir d'Republikaner an d'Wale geet. (Foto: Philip Crowther)

Bei registréierte Republikaner ass den Donald Trump de klore Favorit. Kandidate sinn der vill elo aus der Course verschwonnen, de leschte war de Gouverneur vu Florida Ron DeSantis no senger zweeter Plaz am Iowa, deen eenzege Staat wou bis elo Virwale stattfonnt hunn. An do hu just knapp iwwer 100,000 Republikaner hir Stemmen ofginn.

Philip Crowther, fir den 100,7, zu Manchester, am US-Staat New Hampshire.

Lauschterenplay_arrow