Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Virun der Weltklimakonferenz: Oppene Bréif vu Votum Klima

COP29

Virun der Weltklimakonferenz: Oppene Bréif vu Votum Klima

Am Virfeld vun der Weltklimakonferenz zu Baku, der Haaptstad vun Aserbaidschan, huet Votum Klima en oppene Bréif un d‘Regierung geschriwwen. An deem sinn eng ganz Rei Fuerderungen opgelëscht. Eng Haaptfuerderung ass déi, vun engem neie Finanzéierungszil.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

De Raymon Klein, Vertrieder vun der ASTM a Votum Klima erkläert, datt een New Collective Quantified Goal, also ee Finanzéierungszil, den Haaptenjeu vun dëser Klimakonferenz ass.

"Déi aner Länner kéinten och ouni d'USA wa se wéilten"

Mat der Wal vum Donald Trump als nächsten US-President, geet een als Klimaschützer:in mat manner Optimismus an d‘COP29. Hien ass trotzdeem iwwerzeegt, datt déi aner Länner och ouni d‘USA kéinte weidergoen, wa si wéilten. 

Votum Klima fuerdert an hirem Bréif, datt d‘Lëtzebuerger Regierung 300 Milliounen Euro soll bezuelen, fir fir d‘Konsequenzen um Klimawandel opzekommen. Lëtzebuerg géif eng historesch Responsabilitéit droen.

Geziilt géint Greenwashing op der Finanzplaz virgoen

Iwwerdeems sollt d‘Regierung och géint Greenwashing op der Finanzplaz virgoen. Den Ament kéint all Bank hire Produit als gréng labelen, ouni wierklech drop iwwerpréift ze ginn. Et missten also Standarde renforcéiert ginn.

Um Freidegmoien um 10 ass eng Aktioun op der Place Clairefontaine.

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow