Radioen

On air

Notturno  |  Kim Myhr & Kitchen Orchestra - VI

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Viru Geriicht: Mann wollt seng Frëndin zum Ofdreiwen zwéngen

Geriicht zu Dikrech

Viru Geriicht: Mann wollt seng Frëndin zum Ofdreiwen zwéngen

Zu Dikrech huet sech gëschter um Méindeg e jonke Mann viru Geriicht misse veräntweren, dee versicht hat, seng Ex-Frëndin dozou ze bréngen, dat gemeinsaamt Kand ofzedreiwen. Mat ugeklot sinn 3 weider Männer vun tëscht 22 a 24 Joer.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Palais de Justice Dikrech | © Wikimedia Commons play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

Vue datt déi jonk Fra vun haut 22 Joer awer net mat der Ofdreiwung averstane war, hat de Mann si am Mäerz d’lescht Joer op eng ofgeleeë Plaz zu Nidderfeelen gefouert. Dohin hat de Mann, nieft engem Chauffeur, och zwee Kolleeg geruff.

25.000 Euro fir roueg ze sinn

Si sollten, mat Cagoulen op, hëllefen, fir déi jonk Fra zum Ëmdenken ze zwéngen. Déi krut do Doudesmenacë gemaach, ier den Haaptugekloten eemol mat enger Waff an d’Luucht geschoss huet. Aus Angscht sot d’Fra sech bereet, fir zwee Deeg drop ofzedreiwen. Doheem huet si hirer Mamm déi Geschicht erzielt. Déi sot hir, si sollt der Police Bescheed soen, déi den Haaptugekloten nach déi selwecht Nuecht festgeholl huet, an enger Disco an der Stad. An der Suite konnten déi dräi Komplizen identifizéiert ginn.

D’Affer sot gëschter, datt d’Diskussiounen iwwer eng Ofdreiwung séier opkoumen, nodeems d’Schwangerschaft kloer war. Zu Nidderfeelen hätt si am Ufank net geduecht, datt et mat hir ze dinn hätt, souguer net, wéi déi zwee Maskéiert aus deem aneren Auto geklomme sinn. Op eemol hätt hiren Ex eng Waff gezunn. Si hätt nëmmen nach déi gesinn a gesot: "Da gi mir e Méinden ofdreiwen." Am Auto fir zeréck hätt hiren Ex-Frënd hir 25.000 Euro proposéiert, fir roueg ze sinn. Déi Maskéiert wéissten iwwerdeems, wou si wunne géif.

Urteel de 7. November

Den Haaptugekloten huet säin Handele gëschter mat sengem Zoustand erkläert: Hie wier iwwerfuerdert gewiescht mat der Situatioun, well hien op der Uni war. Datt hie sot, déi Maskéiert wéissten, wou déi jonk Fra wunne géif, hätt hie just gesot, fir Angscht ze maachen. Hien hätt awer ni wëlles gehat, fir méi wäit ze goen.

Nodeems d’Me Turcarelli, Affekotin vum Affer, 25.000 Euro Schuedenersatz fir hir Cliente gefrot hat, huet de Vertrieder vum Parquet gemengt, den Haaptugekloten hätt alles gemaach, fir d’Fra ëmzestëmmen. Fir den Haaptugekloten huet hien 3 Joer Prisong, zum Deel mat Sursis, a fir déi dräi Komplizen all Kéiers annerhalleft Joer, mat eventuellem Sursis, gefuerdert. Ier de Me Schons, Affekot vum Haaptugekloten, gemengt huet, säi Client wier fräizespriechen, well ee misst Zweifelen drun hunn, datt d’Kand hätt kënne verluer goen.

D’Urteel an dëser Affär gëtt de 7. November gesprach.

Lauschterenplay_arrow