Radioen

On air

Tockcity  |  Kompromat, Rebeka Warrior, Vitalic - I Did Not Forget You Feat. Rahim Redcar

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nom Virfall an der Péitenger Disco: Sécherheetsagent aus der Untersuchungshaft entlooss

Parquet

Nom Virfall an der Péitenger Disco: Sécherheetsagent aus der Untersuchungshaft entlooss

De Sécherheetsagent, dee virun zwou Woche wéinst „coups et blessures volontaires“, respektiv onfräiwëllegem Doutschlag festgeholl gouf, gouf elo aus der Untersuchungshaft entlooss. Dat huet eis de Parquet op Nofro hi confirméiert.

auto_stories

1 min

An der Nuecht vum 22. op den 23. Dezember koum et an enger Péitenger Disko zu enger Konfrontatioun tëscht engem Sécherheetsagent an engem Client. De Client ass dobäi gefall a gouf esou schwéier verwonnt, datt hie kuerz drop verstuerwen ass.

Mëttlerweil ass de 57 Joer ale presuméierten Täter erëm op fräiem Fouss a gouf ënner „Controle Judiciare“ gestallt, heescht et nach vum Parquet. Dëst mat der Begrënnung vun der Chambre du Conseil vum Bezierksgeriicht, datt d‘Konditioune fir eng Untersuchungshaft net méi erfëllt waren.

E presuméierten Täter muss an Untersuchungshaft bleiwen, wann d'Gefor besteet, datt dëse sech duerch d'Bascht mécht, méiglech Beweiser manipuléiert oder de Risk besteet, datt de Concernéierte weider Strofdote begeet.