Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Demokrate vergläichen dem Trump säin Optrëtt mat enger Nazi-Veranstaltung

US-Walkampf

D'Demokrate vergläichen dem Trump säin Optrëtt mat enger Nazi-Veranstaltung

Vill Kritik gëtt et fir den Ex-President Donald Trump no sengem Walmeeting virun 20.000 Leit am Madison Square Garden zu New York. Rassistesch Aussoe vu sengen Alliéierten op der Bün hu schockéiert a kéinten en Impakt op de Walkampf hunn. Dem Trump seng Géignerin am Walkampf, d’Vize-Presidentin Kamala Harris, profitéiert vun dësem Faux-pas.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

©  picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Bryan Dozier

Philip Crowther (New York City)

Amerika ass just fir d’Amerikaner, sot de Stephen Miller, ee vum Donald Trump senge wichtegste Beroder. D’Kamala Harris ass den Däiwel, sot ee Mann, deen als Kandheetsfrënd vum Donald Trump annoncéiert gouf. E Komiker huet Puerto Rico als Insel voll Dreck beschriwwen. Alles Aussoen op der nämmlechter Bün, wou den Ex-President sech kuerz dono feiere gelooss huet.

Auslännerfeindlech Messagen

Do hëlleft et dem Donald Trump net, datt virum Evenement schonn de Verglach gemaach gouf mat engem aneren, am Joer 1939, och am Madison Square Garden, wou 20.000 Nazi-Sympathisanten sech getraff haten. Dee Verglach gouf vu Republikaner rejetéiert, mee Demokrate probéieren haut am Walkampf nach eng Kéier vun der Trump-Campagne hire Feeler ze profitéieren.

Well et geet jo an dëse leschten 8 Deeg drëms esou vill wéi méiglech ondecidéiert Wieler ze iwwerzeegen. D’Kamala Harris huet dat gëschter um Sonndeg zu Philadelphia, am wichtege Staat Pennsylvania, probéiert, am deem si eenzel Wieler getraff huet. Den Donald Trump hat keen unifiéierende Message. En auslännerfeindleche Message kënnt kaum gutt bei de puerto-ricaneschen Immigranten zu Philadelphia un, zum Beispill.

Mee dem Trump seng Campagne gesäit awer e grousse Succès dran, de Madison Square Garden, matten zu New York City, gefëllt ze hunn. An tatsächlech war et impressionant, wéi zéngdausenden vu senge Supporter mat de roude Kapen an der demokratescher Bastioun New York opgetaucht sinn.

"Closing arguments" gi preparéiert

Et war eng Zort Ofschloss-Evenement vum Trump sengem Walkampf, 8 Deeg virum Waldag. All seng gréisst Alliéiert am nämmlechte Sall, dorënner och de Chef vun X an Tesla, den Elon Musk, elo och e groussen Trump-Supporter.

D’Kamala Harris preparéiert och elo hire sougenannten "closing argument", dee leschte grousse Message un d’Wieler. Dat ass muer Dënschden an der Haaptstad Washington, genee do wou den Donald Trump seng Supporter de 6.Januar 2021 opgeruff hat a Richtung Kapitol ze marschéieren. Hiere Message soll also och eng Warnung sinn.

Am immens knappe Walkampf 2024 steet d’Zukunft vun der amerikanescher Demokratie um Spill, wäert si hire Supporter soen.

Lauschterenplay_arrow