search

/ Verhandlungsronn tëschent Ukrain, Russland an USA eriwwer, ouni weidere Progrès

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

Verhandlungsronn tëschent Ukrain, Russland an USA eriwwer, ouni weidere Progrès

D‘Gespréicher iwwer een Enn vum Ukrain Krich haut zu Genf sinn no nëmme knapp 2 Stonnen op een Enn komm. De Chef vun der russescher Delegatioun Wladimir Medinski schwätzt vu schwéiere mee sachleche Verhandlungen. Zu konkrete Resultater aus dëse Verhandlunge gëtt et keng weider Detailer. 

headphones

1 min

Fotomontage: Trump, Selenskyj a Putin | © picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Fotomontage: Trump, Selenskyj a Putin (Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

De russesche Spriecher huet eng nei Verhandlungsronn ugekënnegt.

Nach ginn et keng Informatiounen doriwwer, ob d‘Ukrain nach weider mat den amerikanesche Mediateure schwätze wäert.

Virum Ufank vun dem zweete Verhandlungsdag huet den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyi vun enger "Verzögerungstaktik" vu Russland geschwat.

Russland bleift bei senger Fuerderung, datt d‘Ukrain seng Truppen och aus deenen Deeler vun den ëstleche Gebidder Luhansk und Donezk misst zréck zéien, déi nach vun der Ukrain kontrolléiert ginn. Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskij refuséiert dat a pocht drop, datt déi ukrainesch Populatioun an engem Referendum dozou gefrot gëtt.