Eng Woch virum véierte Joresdag vum Ufank vum Krich sëtze Russland an d'Ukrain haut a muer ënnert der Vermëttlung vun den USA un engem Dësch. Och den US -Spezialemissär Witkoff gëtt zu Genf erwaart. D'Gespréicher stinn am Schiet vun der leschter Attack op déi südukrainesch Regioun Odessa an der Regioun Sumy am Norde vun der Ukrain mat engem Doudegen a méi Blesséierten.
Territorial Froen ouni Eenegung
Ukraineschen Informatiounen no gouf et schwéier Schied un enger Strouminfrastruktur. Russland wëllt bei dëse Verhandlunge virun allem iwwert déi territorial Froe schwätzen. Moskau fuerdert vun der Ukrain de vollstännege Réckzuch aus de russesch kontrolléierte Gebidder Donetsk a Luhansk.
Dëst solle Russland zougeuerdent ginn. Kiew leent dëst awer weider of. Och europäesch Alliéiert warnen do virdrun.
Der Ukrain geet et primär ëm Sécherheetsgarantien
Vun ukrainescher Säit gi virun allem humanitär Froen a Sécherheetsgarantië bei dëse Gespréicher an de Mëttelpunkt gestallt. Kuerz virum Start vun dëse Verhandlungen hat den ukrainesche President virun enger massiver russescher Attack op ukrainesch Energieinfrastrukture gewarnt.
Russland kéint der Versuchung vun de leschte kale Wanterdeeg net widderstoen a wéilt d'Ukrain nach eng Kéier schwéier treffen, sou den ukrainesche Staatschef.
Russland misst zum Fridde gezwonge ginn
Hie fuerdert, Russland zum Fridden ze zwéngen duerch beispillsweis nei Sanktiounen. Iwwerdeems huet de Selenskiy nach eemol déi westlech Alliéiert opgefuerdert, déi ukrainesch Loftofwier ze stäerken. D'USA vermëttelt d'Gespréicher tëschent de béide Krichsparteien.
Op dem Fluch vu Moskau an d'Schwäiz misst déi russesch Delegatioun en Ëmwee vun e puer Stonnen op sech huelen. Si hunn eng Autorisatioun gebraucht, fir iwwer d'NATO an d’EU-Staaten ze fléien. Dës gouf mat Hëllef vun den USA erdeelt, esou russesch Staatsmedien.