Schonn an der Nuecht d‘Terrororganisatioun Hamas gemellt, datt der Delegatioun am Qatar eng Offer an deem Sënn virgeluecht gi wier. Et géing dobäi och ëm d‘Fräiloossung vun israeelesche Geiselen a palestinensesche Prisonéier.
D‘UNICEF warnt iwwerdeems virun enger sanitärer Tragedie an der Gazasträif. Wéinst dem Manktem u Sprit a Waasser kéint et geschwënn zu engem Zesummebroch vum Ofwaassersystem kommen, an doduerch zu engem massiven Ausbroch u Krankheeten, huet e Spriecher vum Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen deklaréiert. 25.000 weider Mënsche sinn Estimatiounen no gëschter vum Norden an de Süde vum Küstegebitt geflücht.
Dausende vun hinne mussen trotz staarkem Reen am Fräien iwwernuechten, well d‘Noutënnerkünft komplett iwwerfëllt wieren, huet den Nouthëllefbüro OCHA vun der UNO matgedeelt.