Bei Bauaarbechte goufen 3 Stroumkabele beschiedegt a sinn a Brand geroden, dat confirméiert d‘Creos op eis Nofro hin. D‘Pompjeeë waren am Asaz. Bis d'Reparatiounsaarbechte kënnen ufänken, muss de Schacht gelëft ginn – wat nach bis muer de Moien dauere kann.
D'Post op der Gare kann zwar mat engem eegene Stroumgenerator funktionéieren, mee beim 112 ginn et wéi gesot aktuell Schwieregkeeten.
Den Zuch- an den Tramverkéier goufen net perturbéiert.