No 27 Verhandlungsronnen a 5 Rendez-vouse beim nationale Conciliatiouns-Büro wier och bei der leschter Reunioun tëscht der Cargolux-Direktioun an de Gewerkschafte keen Accord fonnt ginn.
Haaptsträitpunkte sinn: eng linear Augmentatioun vun de Paie vu 4% op 4 Joer, eng nei Salaires-Grille beim Buedempersonal an Divergenze beim Télétravail.
D'Dirketioun refuséiert hir Offer ze verbesseren
D’Cargolux-Direktioun huet de Mëttwoch Moien nach eng Kéier ënnerstrach, datt d’Cargo-Airline an den Negociatiounen ëm den neie Kollektivvertrag keng méi héich Concessioune ka maachen, wéi dat wat se bis elo offréiert huet, also eng Lounerhéijung vu fënnef Prozent iwwert eng Period vu fënnef Joer. D’Gewerkschafte fuerderen eng Salaireshausse vu sechs Prozent iwwer véier Joer.
Direktioun: D'Employéen hu wuel vun de "Boom-Joren" profitéiert
De CEO vun der Cargolux de Richard Forson huet de Moie virun der Press d’Kriticke vun de Gewerkschafte widderluecht, datt d’Employéen net vun de “Boom-Joren” bei der Cargolux profitéiert hätten. Hien huet betount, iwwert déi dräi lescht Joren hätt all eenzelen Employé vun der Cargolux eng Participatioun un de Benefissen an Héicht vun 199.000 Euro kritt. Ee Streik, sou wéi d’Gewerkschaften e fir muer annoncéiert hunn, géif dem Image vun der Airline schueden, sou nach de Richard Forson. Rezent hätt d’Cargolux och hir Präisser – wéinst der héijer Konkurrenz - missten ëm 50 Prozent erofsetzen.