Radioen

On air

9 bis 1  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Lloyd Austin ass u Prostate-Kriibs erkrankt, Prognose fir eng Heelung wieren "exzellent"

De Pentagon confirméiert

De Lloyd Austin ass u Prostate-Kriibs erkrankt, Prognose fir eng Heelung wieren "exzellent"

No deeglaanger Ongewëssheet iwwer säi Gesondheetszoustand huet den amerikanesche Verdeedegungsminister Lloyd Austin ëffentlech gemaach, datt hie Prostate-Kriibs huet. D‘Erkrankung wier fréi erkannt ginn an d‘Prognose fir eng Heelung wieren "exzellent", huet déi zoustänneg Klinik matgedeelt.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
(Foto: picture alliance / Photoshot)

Wéinst Komplikatioune bei engem Agrëff Enn Dezember war dee 70 Joer ale Verdeedegungsminister op Neijoerschdag an déi Klinik ageliwwert ginn. De Pentagon hat dat awer bis elo net ëffentlech gemaach.

Dat hat fir Kritik gesuergt a fir Spekulatioune, datt de Verdeedegungsminister säin Amt net méi kéint ausféieren. De Pentagon sot dozou, de Loyd Austin géif sech gutt erhuelen a wier an der Lag, seng Responsabilitéiten als Verdeedegungsminister voll ze assuréieren.